Kierch Gonnereng
D'Kierch zu Gonnereng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Jonglënster gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Gonnereng | |||
Par | Regioun Iechternach Saint-Willibrord | |||
Dekanat | Osten | |||
Numm / Patréiner | Hl. Sebastian | |||
Konsekratioun | 1879 | |||
Koordinaten | 49° 41’ 39’’ N 06° 14’ 59.3’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Sebastian, deem säi Fest den 20. Januar gefeiert gëtt.
Si steet zentral am alen Duerfkär op der Wuermerer Strooss, dem CR122.
Zur fréierer Par Jonglënster hunn och nach d'Parkierch zu Jonglënster, d'Kapell vun Allënster, an Filialkierch zu Guedber gehéiert.
An der Kierch vu Gonnereng ass zanter Dezember 2011 eng hei am Land ganz seelen englesch Uergel aus dem 19. Joerhonnert installéiert.
Literatur änneren
- Alex Christoffel, Luxemburger Wort/Die Warte vum 19. Januar 2012, S. 4-5: Eine englisch-romantische Orgel für Gonderingen
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Kierch Gonnereng – Biller, Videoen oder Audiodateien |