D'Kierch vu Gëtzen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Äischdall Saint-François-et-Sainte-Claire, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Käerch gehéiert.

Kierch vu Gëtzen

Uertschaft / Plaz Gëtzen
Par Äischdall Saint-François
et Sainte-Claire
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Helleg Bäerbel
Konsekratioun 1880
Koordinaten 49° 39’ 33.44’’ N
      5° 58’ 48.25’’ E
Kierchen - Kapellen

D'Patréinesch ass d'Helleg Bäerbel, där hiert Fest de 4. Dezember gefeiert gëtt.

D'Kierch steet an der rue de Windhof, zirka 80 m vun der Kräizung mam CR109.

D'Entrée änneren

An der Fassad iwwer der Entrée steet eng Statu vum Cornelius, dee vum Mäerz 251 bis de Juni 253 Bëschof vu Roum war.

D'Wandmolerei änneren

1947 huet de Gustave Zanter d'Apsiswänn mat monumentale Molereien dekoréiert, déi 2004 vum "Marc Theisen & Compagnie" restauréiert goufen.

Literatur änneren

  • Jean-Jacques Flammang S.C.J., Monique Lanckohr-Ries, Marianne Lauer-Kartheiser, Jos Mersch, 2007: 125 Joer Gëtzener Kierch 1880 - 2005, 48 S.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Gëtzen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller änneren