D'Kierch vu Biebereg ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Atertdall Sainte-Claire an zu der Gemeng Préizerdaul gehéiert.

Kierch vu Biebereg
Parkierch vu Biebereg (2013)

Parkierch vu Biebereg (2013)
Parkierch vu Biebereg (2013)
Uertschaft / Plaz Biebereg
Par Atertdall Sainte-Claire
Numm / Patréiner Hl. Rochus
Koordinaten 49° 47’ 44.9’’ N
      05° 56’ 23.3’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch steet an der Kierchestrooss (rue de l'Église) hanner der Schoul.

Den 10. Oktober 2023 gouf proposéiert, s'als nationalen Architekturpatrimoine ze klasséieren.[1]

Geschicht änneren

1802 gouf zu Biebereg en neit Kaplounshaus gebaut an et ass eng eegestänneg Par ginn.[2] Virdrun huet et zur Par Osper gehéiert.

An de Joren 1828 an 1860 ass d'Kierch vergréissert ginn. 1884 gouf de Chouer ugebaut an den alen Deel vun der Kierch restauréiert. Déi vergréissert Kierch gouf 1888 konsekréiert.

1892 goufen op béide Säite vum Kierchtuerm kleng Tierm ugebaut. An deem Joer goufen och zwou nei Klacken ugeschaaft.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Biebereg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Historique Préizerdaul.lu