Kettenuewen

franséisch Gemeng

Cattenom (lb.: Kettenuewen) ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle, un der Musel, ongeféier 8 km nërdlech vun der Stad Diddenuewen.

Cattenom
lb: Kettenuewen

Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Thionville
Kanton Yutz
Postcode 57570
Gemengecode 57124
Koordinaten 49° 24’ 24’’ N
      06° 14’ 44’’ O
Fläch  2.553 ha
Bevëlkerung  2.583 (2007)

Tëscht 1871 an 1918 huet d'Uerschaft Kattenhofen geheescht. Aus der Geschicht ass se nach ënner follgenden Nimm bekannt: 1182 Cathenem; 1214 Kettenem; 1329 Kettenhem; 1432 Katenem; 1481 Kettenheim; 16. Jh. Catnum; 1544 Ketenhem, Kettenoffen; 1568–1570 Kettenoven; 1668 Katenom; 1685 Catnom; 1686 Kethenoven.

Kettenuewen ass besonnesch bekannt wéinst sengem Atomkraaftwierk mat véier Reaktere vun 1.300 MW, déi tëscht 1986 an 1991 a Betrib goungen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Atomkraaftwierk Cattenom.

Lëtzebuergesch Biergerinitiativen hate sech eng Rei Jore virdrun erfollegräich géint eng Atomzentral zu Remerschen am eegene Land gewiert, mä wéi de franséische Staat de Bau vu sou enger Zentral quasi virun der Hausdier vun der lëtzebuergescher Bevëlkerung annoncéiert huet, ware schlussendlech all d'Protester ëmsoss.

Kettenuewen huet viraals zum Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert an ass 1659 duerch den Traité vun de Pyrenäen u Frankräich gaangen. Mä nach haut gëtt vun der eelerer a vereenzelt och nach vun der jonker Bevëlkerung e muselfränkeschem Dialekt geschwat (de Platt), deen dem Lëtzebuergesche ganz no kënnt.

Illustratiounen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kettenuewen – Biller, Videoen oder Audiodateien