Den John F. Kennedy Space Center (KSC, fir John-F.-Kennedy-Weltraumzentrum) ass d'Weltraumgare vun der NASA op Merritt Island a Florida. De KSC läit nordwestlech vun der Cape Canaveral Air Force Station vun der USAF a grenzt drun. Vun do aus starten zanter Dezember 1968 all bemannt Raumflich vun den USA – ufanks d'Apollo-Missiounen a vun 1981 bis 2011 d'Space Shuttlen.

KSC – Startkomplex 39, z'erkennen ass de VAB an d'Startrampen 39A an 39B
Karte von Cape Canaveral mam Kennedy Space Center (gro) an der Cape Canaveral Air Force Station (gréng)
Launch Complex 39 mam Vehicle Assembly Building an der Bildmëtt
De Shuttle Atlantis um Wee zu der STS-36-Missioun
Den Discovery op der Startramp LC-39B
Start vun der Discovery zu der Missioun STS-114 vum KSC

Lag änneren

De 55 km laangen an 10 km breeden Terrain huet eng Fläch vu ronn 567 km². Am KSC schaffe 17.000 Mënschen. Domat ass et fir d'Regioun een erhiefleche Wirtschaftsfaktor. Mat engem grousse Besuchszentrum a geféierten Tier iwwer den Terrain ass de KSC och en Unzéiungspunkt fir Touristen.

Well vill Beräicher aus Sécherheetsgrënn fir de Publikum gespaart sinn, ass den Areal och eng Plaz fir vill geschützte wëll Déieren. Op der Nordspëtzt vun der Insel ass d'Naturschutzgebitt Merritt Island National Wildlife Refuge.

Direkt op der Grenz mat enger virgelagerter Hallefinsel am Südoste läit d'Cape Canaveral Air Force Station (CCAFS) vun der U.S. Air Force. Do gi Satellitte fir militäresch, awer och kommerziell Zwecker gestart. Bis Oktober 1968 si vun do och déi bemannt Weltraummissioune vun den USA am Kader vum Mercury-, Gemini- an Apollo-Programm gestart.

Opbau änneren

De Kennedy Space Center besteet aus véier Beräicher, der KSC Industrial Area, dem Launch Complex 39 mat sengen zwou Startrampen LC-39A an LC-39B souwéi d'Landepiste vun de Space Shuttlen.

An der KSC Industrial Area sinn d'Administratiounsgebai vun der NASA an d'Zouliwwerfirmen ënnerbruecht souwéi d'Space Station Processing Facility fir déi International Raumstatioun an den Operations & Checkout Building, an deem am ieweschte Stack d'Astronaute wunnen, wa si fir Tester oder virum Start a Florida sinn.

Startkomplex 39 änneren

   Haaptartikel zu dësem Theema: Kennedy Space Center Launch Complex 39 


De Startkomplex 39, am Bild riets ze gesinn, gouf fir d'Apollo-Flich op de Mound gebaut. Vir, um ënneschte Bildrand, sinn d'Atelieren an de Kontrollzentrum, eppes méi lénks d'Orbiter Processing Facility (OPF), an där gelant Space Shuttlen eng Revisioun kruten. Am Mëttelpunkt steet de Vehicle Assembly Building (VAB), deen iwwer dat Ganzt erauskuckt, an als Montageplaz („High Bays“) fir dräi Rakéite vum Typ Saturn V hat a spéider fir d'Montage vum Space Shuttle mam Baussentank an de Feststoffrakéite gedéngt huet. Op der Südsäit vum Haaptgebai steet en niddregt Ateliersgebai („Low Bay“), dat ënner anerem fir d'Haaptdreifwierker vum Shuttle gebraucht gouf. De VAB ass 160 m héich a steet op enger Fläch vun 218 × 158 m.

Vum VAB aus féieren zwéi Schotterweeër fir déi grouss Crawler-Transporter ongeféier sechs km nordëstlech a Richtung vun der Startplaz A (Süd) a B (Nord) op der Atlantikküst. De KSC huet zwéi Crawler-Transporter, mat deenen déi onbetankt a startfäerdeg Shuttlen op d'Startplaze gefuer ginn. Et war fir deemoleg Verhältnesser eng technesch Meeschterleeschtung, fir déi 110 m héich Saturn-V-Rakéit opgeriicht net nëmmen op d'Startplazen ze féieren, mä och nach déi 5 %-Steigung fir op d'Startrampen erop unfallfräi ze beweegen.

Startrampen LC-39A an LC-39B änneren

Déi zwou Startrampen LC-39A an LC-39B sinn e puer Meter hanner dem Atlantikstrand, zirka 2,7 Kilometer vuneneen ewech. Well d'Space Shuttle bei wäitem net déi Héicht vun de Saturn V-Rakéiten hunn, gouf den éischte Gerëschttuerm gekierzt a bilt elo déi (ouni Blëtzofleederstaf) 81,3 m héich Fixed Service Structure, an där all d'Versuergungssträng vum Space Shuttle sinn. D'Rotating Service Structure ka wéi eng Schutzhauf ëm de Space Shuttle agedréit ginn an déngt, nieft dem Wiederschutz, fir d'Beluede vun der Orbitertransportluk.

Fir d'Anlage wéi och dat startend Gefier virun den zerstéieresche Schallwellen ze schützen, gi beim Start banne wéinege Sekonne méi wéi eng Millioun Liter Waasser op den ënneschte Beräich gesprutzt. Trotzdeem si bei Starte vun der Saturn V reegelméisseg zu Titusville 20 km dovun ewech Fënstere futti gefuer.

Am nordëstlechen, respektiv nordwestlechem Eck stinn sech déi ronn Dreifstofftanke fir Waasserstoff a Sauerstoff, déi jee ongeféier 3,3 Millioune Liter gekillte Flësseggas enthalen. De Baussentank vum Space Shuttle gouf wéinst der Explosiounsgefor eréischt kuerz virum Start aus dësen Tanke gefëllt.

Den LC-39B gouf fir Starte mat der Ares-I-Rakéit ëmgebaut.

Shuttle Landing Facility änneren

   Haaptartikel zu dësem Theema: Shuttle Landing Facility 


3,2 km nordwestlech vum VAB ass d'Shuttle Landing Facility (SLF), eng 4,6 km laang Landebunn fir d'Raumfären. Wann den Orbiter op enger anerer Plz gelant ass, gouf en um Hatzebockel mat engem Shuttle Carrier Aircraft op de KSC bruecht an direkt op der Landebunn mat enger spezieller Hiefvirrichtung vum Transportfliger getrennt an an eng OPF gefouert.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Kennedy Space Center – Biller, Videoen oder Audiodateien