Kathedral Notre-Dame vun Amiens

D'Kathedral Notre-Dame vun Amiens ass, vum Volumen hier, déi gréisst gotesch Kathedral vu Frankräich.

Kathedral Notre-Dame vun Amiens
Land Frankräich
Gemeng Amiens
Koordinaten 49°53'40,5"N, 2°18'7,6"O
Fläch 1,54 ha
Baustil Gotik
Statut Partie vun engem UNESCO Weltkulturierwen,
Weltierwen
Datum vum Bau 1220
Genannt no Maria
Grondrëss vun der Kathedral

Si ass duebel sou grouss wéi d'Notre-Dame vu Paräis: S'ass 145 m laang an 112 m héich; hiert Mëttelschëff huet eng Héicht vun 43 m (et ass dat zweethéchst a Frankräich: just d'Kathedral vu Beauvais, déi awer ni fäerdeg gebaut gouf, ass méi héich). Si gouf an 49 Joer (tëscht 1220 an 1269), no Pläng vum Robert de Luzarches, gebaut. D'Architekte vum Kölner Doum, mä och vun der St. Patricks Cathedral vun New York, hu sech dës Kathedral zum Virbild geholl.

Baussen änneren

Am Géigesaz zu de meeschte franséische Kathedralen goufen zu Amiens d'Statuen an der Franséischer Revolutioun net zerstéiert. Bei Restauratiounsaarbechte goufen d'Originalfaarwen ënner enger Couche Schmorri erëmfonnt. Et gouf decidéiert, d'Statuen net nees ze bemolen, mä dofir ginn am Summer owes Diae baussen op d'Statue projezéiert, déi d'Statue faarweg ausgesi loossen. Den Haapttympan baussen op der Westsäit weist dat Jéngst Geriicht. Op der Südsäit ass d'Kréinung vun der Maria ofgebilt.

Bannenan änneren

Bannena sinn ë. a. e Labyrinth, dat am Original erhale blouf, vun 234 m Längt um Buedem a Relieffer iwwer d'Liewe vum hellege Jang a vum hellege Firmin aus dem 15. Joerhonnert ze gesinn. Och d'Ställercher, d. h. d'Sëtzer fir d'Geeschtlech ronderëm den Altor, aus dem 16. Joerhonnert, ganz aus Eechenholz, si mat vill Léift zum Detail mat Zeenen aus der Bibel dekoréiert.

Wéinst hirer Schéinheet steet d'Kathedral vun Amiens op der Unesco-Lëscht vun de Weltkulturierwen.

 
Den Haapttympan mam Jéngste Geriicht

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Cathédrale Notre-Dame d'Amiens – Biller, Videoen oder Audiodateien