Katatonie (aus dem algriicheschen κατά, "vun uewe bis ënnen" an τόνος "(U-)Spanung", zesummen also "Uspanung vu Kapp bis Fouss") ass en Zoustand, dee sech duerch en anormaalt Behuelen (schlofänlechen Zoustand bei der betraffener Persoun) manifestéiert a bei deem dat spontaant kierperlecht Beweegungsspill duerch psychesch Virgäng negativ beaflosst gëtt. Et ka psychesch Krankheete wéi schwéier Depressioune begleeden oder virun allem kataton Schizophrenie, Stoffwiesselstéierungen oder d'Awierkung vun Alkohol an aner Drogen.

Et gouf fir d'éischt 1874 vum däitsche Psychiater Karl Ludwig Kahlbaum an Die Katatonie oder das Spannungsirresein beschriwwen.