Katar

Staat a Westasien


De Katar (arabesch: قطر Qatar) ass e Staat am Persesche Golf. Et ass eng Hallefinsel a grenzt u Saudiarabien.

Daulat Qatar (arab.)
Katar

Fändel vum Katar

Wope vum Katar

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Arabesch
Haaptstad: Doha
Staatsform: Absolut Monarchie
 • Emir: Tamim bin Hamad Al Thani
 • Premierminister: Khalid bin Khalifa bin Abdul Aziz Al Thani
Fläch: 11.437 km²
Bevëlkerung: 839.213 (2005)

Lag a Gréisst änneren

De Katar läit am Nordoste vun der Arabescher Hallefinsel a seng Nopeschlänner si Bahrain, Saudiarabien an d'Vereenegt Arabesch Emirater.

D'Land huet eng Fläch vun 11.437 km². Vu Süden no Norde sinn et 180 km, a vu Westen no Osten 80 km.

Landschaft änneren

Dat ganzt Land ass relativ flaach an eng grouss Parti ass Steewüst bal mat décke Waken, a bal mat Kisel.

Am Südosten um Mier läit d'Lagun Khor Udaid, an am Süde gëtt et bis zu 40 m héich Sanddünen.

Am Westen ass d'Hiwelkette vum Jebel Dukhan, där hiren héchste Punkt op ongeféier 110 Meter iwwer dem Mier läit. Ëm dat ganzt Land leie Koralleriffer.

Klima änneren

De Klima ass subtropesch a ganz waarm. Well de Katar zimmlech no um Persesche Golf läit ass et dat ganzt Joer iwwer zimmlech schmeier.

Am Summer (Mee-September) leien d'Temperaturen tëscht 35 °C a 45 °C, an am Wanter tëscht 25 °C a 35 °C. D'Loftfiichtegkeet ass an der Moyenne 8 %. De Katar ass eent vun de Länner op der Welt mat de mannste Nidderschléi, an ass och soss ganz waasseraarm.

Um Spaweck änneren

Commons: Katar – Biller, Videoen oder Audiodateien