Kastilien-La Mancha
Kastilien-La Mancha (sp: Castilla-La Mancha) ass eng Regioun an eng autonom Gemeinschaft a Spuenien.
Kastilien-La Mancha | ||||
| ||||
Land | Spuenien | |||
Haaptstad | Toledo | |||
Offiziell Sprooch(en) | Spuenesch | |||
---|---|---|---|---|
Fläch | 79.463 km² | |||
Awunner | 1.977.304 2007) | |||
Bevëlkerungsdicht | 24,86 Aw. / km² | |||
Autonome Statut | 10. August 1982 | |||
Offizielle Feierdag | 31. Mee | |||
President | José María Barreda (PSCM-PSOE) | |||
Lag vu Kastilien-La Mancha a Spuenien | ||||
Autonom Gemeinschafte vu Spuenien |
Geographie änneren
Kastilien-La Mancha läit am Zentrum vu Spuenien a grenzt un d'Regiounen Kastilien-León, Madrid, Aragonien, Valencia, Murcia, Andalusien an Extremadura. D'Fläch huet 79.463 km² a hëlt domat 15,7 % vu ganz Spuenien an. D'Haaptstad vu Kastilien-La Mancha ass Toledo.
Andeelungen änneren
Kastilien-La Mancha ass a 5 Provënzen agedeelt, déi hirersäits a Gemengen agedeelt sinn.
Numm | Haaptstad | Provënz | Haaptstad |
---|---|---|---|
Kastilien-La Mancha | Toledo | Albacete | Albacete |
Ciudad Real | Ciudad Real | ||
Cuenca | Cuenca | ||
Guadalajara | Guadalajara | ||
Toledo | Toledo |
Geschicht änneren
Kastilien-La Mancha ass zanter dem 16. August 1982 eng autonom Gemeinschaft.
Politik änneren
De President vu Kastilien-La Mancha ass de José María Barreda Fontes (PSOE). Parlementaresch Vertriedung am spuenesche Kongress sinn 20 Sëtz an am Senat sinn 22 Sëtz.
Demographie änneren
Am Joer 2007 ass d'Awunnerzuel op 1.977.304, dat sinn 4,37 % vun der spuenescher Populatioun.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Castile-La Mancha – Biller, Videoen oder Audiodateien |