D'Kaspescht Mier (Farsi: دریای خزر/دریای مازندران, Azeri: Xəzər dənizi, Russesch: Каспийское море) ass, mat enger Fläch vun 386.400 km², dee gréisste Séi vun der Äerd. Wéinst senger Gréisst gëtt e "Mier" genannt.

D'Kaspescht Mier op engem Satellittebild

D'Kaspescht Mier läit a West-Asien an um Bord vun Osteuropa an der grousser Aralo-Kaspescher Nidderung. Et huet keen direkten Zougank zu den Ozeanen.

Am Norde grenzt et u Russland (zirka 960 km Küst) a Kasachstan (1894 km Küst), am Süden un den Iran (750 km Küst), am Westen un den Aserbaidjan (zirka 800 km Küst) an am Osten un Turkmenistan (1768 km).

Et ass vun Norden no Süden 1200 km laang a vu Westen no Osten 435 km (300 km an der Moyenne). Déi nërdlech Hallschent ass am Duerchschnëtt just 6 m déif, an der südlecher ass déi déifst Plaz 995 m. D'Surface vum Mier läit 28 Meter ënner RU.

Am Mier leien eng Rëtsch Inselen, wouvun der just e puer bewunnt sinn. Déi virun der aserbaidjanescher Kèste (z. B. d'Bulla-Insel an d'Pirallahı-Insel) si wichteg wéinst dem Pëtrol, deen do am Buedem ze fannen ass.

Am 20. Joerhonnert tëscht den 1930er an den 1980er Joren, ass den Niveau vum Séi (alt bis zu 16 cm am Joer) an doduerch d'Fläch staark zeréckgaangen, wat virun allem dorop zeréckzeféiere war, datt aus den Haaptflëss, déi dra lafen - d'Wolga, den Ural an d'Kura - ze vill Waasser ofgezwackt gouf, fir ze nätzen.

Tëscht 1978 an 1994 ass den Niveau mat 14 cm bis 40 cm am Joer nees eropgaangen, wat mat verstäerkte geologeschen Aktivitéiten um Buedem vum Kaspesche Mier explizéiert gëtt.

Am Norden, wou déi zwéin Haaptzouflëss eralafen, ass de Salzgehalt niddreg; wat ee méi no Süde geet, geet en an d'Luucht (bis zu 30 % an der Kara-Bogas-Bucht (Kara-Bogas-Gol) an Turkmenistan.

Fauna änneren

Am Kaspesche Mier lieft de Stör, vun deem de Kaviar gewonne gëtt. Ausserdeem gëtt et eng jett z. D. endeemesch Kaarpenaarten. D'Kaspesch Robb ass eng endeemesch Robbenaart.

Flëss, déi dra lafen änneren

(Déi gréisst, alphabetesch zortéiert):

Häfen a Stied änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kaspescht Mier – Biller, Videoen oder Audiodateien