De Karnak-Tempel läit direkt um Ufer vum Nil, dräi Kilometer vum Luxor-Tempel an Egypten.

Tempelanlag vum Gott Amun zu Kárnak

2000 Joer Baugeschicht goufen nogewisen. Déi eelst Deeler vum Tempel leien zimmlech am Weste vun der Anlag, déi neist Baute leie bei der haiteger Entrée.

Papyrus-Kapitel op enger Sail

Den Haaptdeel vun der Tempelanlag ass den Amun-Tempel, bekannt duerch seng 134 Saile mat Papyruskapitelen, déi lénks a riets vum Mëttelgank stinn.

Am Fréiliichtmusée stinn de Schräin vun der Pharaonin Hatschepsut an déi wäiss Kapell vum Senostris.

Déi zwéin Obelisken déi nach haut do stinn, stame vum Thutmosis I. an der Hatschepsut. Dem Thutmosis säin Obelisk ass 23 m héich a weit 143 Tonnen.

En drëtten Obelisk läit am hellege Séi. Donieft steet e Rise-Skarabäus, dee vum Amenophis III. als Symbol vum Sonnegott Re opgestallt gouf.

Portal Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer dat aalt Egypten.

Um Spaweck änneren

Commons: Karnak temple complex – Biller, Videoen oder Audiodateien