Als Karma bezeechent een e reliéist Konzept, dat virun allem an indesche Reliounen ze fannen ass. Generell gesi betrëfft d'Karma all d'Handlungen déi e Mënsch mécht. D'Karma ass ee Sammelbegrëff fir all direkt oder indirekt Follge vun dësen Handlungen. An de meeschte Reliounen déi d'Karma kennen, existeiert de Glawen un eng Reinkarnatioun. Dee Glawenspunkt ass wiesentlech, well sech de Karma sou och op aner Liewen iwwerdroe kann. D'Reliounen déi de Karma kenne sinn den Hinduismus, Buddhismus an de Jainismus.

Karma am Hinduismus änneren

D'Karma ass d'Basis vum Hinduismus. D'Virstellunge vum Karma goufe vum 6. Joerhonnert v. Chr. un an den Hellege Schrëften nogewisen. D'Iddi ass fir den éiwege Kreeslaf vum Samsara (Reinkarnatioun) z'iwwerwannen. De Karma ass enk mam Dharma (komescht a soziaalt Gesetz) verbonnen. Den Dharma muss erfëllt ginn, fir e gudde Karma ze kréien. Dozou gehéieren och Gewaltlosegkeet, Gedold, Gaaschtfrëndlechkeet, asw. déi fir jiddweree gëllen.

Karma am Jainismus änneren

D'Karma am Jainismus ass besonnesch am Verglach zu den anere Reliounen. Am Jainismus gëtt d'Karma als eppes Substantielles opgefaasst. Déi Substanz besteet aus sougenannte "Karma-Partikelen" vun deenen et 148 Stéck ginn. All déi Partikele kann een an zwou grouss Kategorien ënnerdeelen. -Déi zwou grouss Kategorië ginn an der jainistescher Leier "nava tattvani" erkläert, duerch dësen theoreeteschen Abléck soll et dem Schüler méiglech sinn d'Theorie dohanner ze verstoen an den onendleche Kreeslaf vu Reinkarnatiounen ze duerchbriechen (moksha).

Als Grondgedanken dengt eng Theorie no där de ganze Kosmos aus zwou fundamentale Substanze besteet (dravya), déi Substanze kënnen dann nees an zwou weider Kategorien agedeelt ginn;

1. Bewoost (jiva)

2. Onbewosst, (ajiva)

De Fonctionnement vum Karma am Jainismus leeft follgendermoossen of, Karmapartikele fléin säit onendlechen Zäiten duerch d'Universum a setze sech opgrond vu verschiddenen Handlungen um Mënsch fest a sammelt sech do. Duerch d'Usammlung vu Karma gëtt de Mënsch ëmmer nees neigebueren an de Réincarnatiounsystem ass entstanen. Dëse kann nëmmen duerchbrach ginn, wann de Mënsch kee Karma méi usammelt kann dëse Kreeslaf gestoppt ginn.

Am Jainismus ënnerscheet een och tëscht Schiedlechem an onschiedlechem Karma, woubäi allerdéngs just dat schiedlecht Karma ka wärend dem Liewen ofgebaut ginn.

Et gëtt zudeem e puer Methoden wei ee kann eng nei Usammlung vu Karma verhënneren:

  • samiti: de Mënsch soll beim Goen, Schwätzen, Heeschen an am Ëmgang mat Objeten opzepassen a kengem Wiesen ze schueden
  • gupti: Kontroll vu Kierper, Geescht a vun deem wat ee seet
  • yati dharma: Selbstkontroll, Bescheidenheet, Verzicht an Éierlechkeet
  • bhavna: Schutzlosegkeet, Reinkarnatioun, Einsamkeet vun der Séil, Vergänglechkeet vun der Welt a Séparatioun vum Gewossten an dem Onbewossten

Nodeem en déi Reegelen agehalen huet, muss de Schüler just nach all dat schonn ugesammelt Karma besäitegen. Och do existéieren nees zwou Reegelen déi mussen agehale ginn.

  • bahya tapas: Kontroll a streng Disziplin vum Kierper
  • abhyantara tapas: Rengege vun der Séil duerch beispillsweis d'Bereie vun Doten

Bibliographie änneren

  • Sri Aurobindo, Renaissance et Karma, Éditions du Rocher, 1983
  • Steiner Rudolf:
    • Réincarnation et karma, Éditions Anthroposophiques Romandes
    • Les manifestations du karma, Éditions Triades
    • Le Karma - Considérations ésotériques, 6 tomes, Éditions Anthroposophiques Romandes
  • David Bach: Gib, was du nicht bekommen hast. Karma und Psyche. Eine Einführung. Simon + Leutner, Berlin 2001, ISBN 978-3-922389-91-0
  • Sri Aurobindo: Die Frage der Wiedergeburt. Mirapuri-Verlag, Gauting 1997, ISBN 3-922800-68-8
  • Christmas Humphreys: Karma und Wiedergeburt. Rascher, Zürich 1951
  • Sant Kirpal Singh: Karma. Das Gesetz von Ursache und Wirkung. 2. überarbeitete Auflage. Origo-Verlag, Bern 1983, ISBN 3-282-00079-0