Karlheinz Böhm

éisträichesche Schauspiller


De Karlheinz Böhm, gebuer de 16. Mäerz 1928 zu Darmstadt a gestuerwen den 29. Mee 2014 zu Grödig, am Salzburger Land an Éisträich, war en éisträichesche Schauspiller.

Karlheinz Böhm
Gebuer 16. Mäerz 1928
Darmstadt
Gestuerwen 29. Mee 2014
Doudesursaach Alzheimer
Nationalitéit Éisträich, Ethiopien
Educatioun Lyceum Alpinum Zuoz
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Philanthrop, Aktivist
Member vun Fräimaurerei
Famill
Bestuet mat Barbara Lass
Kanner Katharina Böhm

Hie gouf virun allem duerch d'Sissi-Filmer bekannt. Fir vun deem Kitschimage lasszekommen, huet hien am Michael Powell sengem Peeping Tom d'Roll vun engem voyeuristesche Mäerder gespillt. Dëse Film huet dem Michael Powell senger Karriär als Filmregisseur geschuet. De Karlheinz Böhm awer huet duerno nach an 13 Filmer matgespillt ënner der Regie vu sou bedeitende Filmregisseure wéi Terence Young, Vincente Minnelli, Jacques Deray a Rainer Werner Fassbinder.

De Karlheinz Böhm huet sech zanter den 1970er mat vill Engagement fir Hëllefsprojeten an Afrika agesat.

Hie war de Jong vum Dirigent Karl Böhm an der Sopranistin Thea Linhard an de Papp vun der Schauspillerin Katharina Böhm.

Filmographie änneren

Kino änneren

Gielercher änneren

  Großes Goldenes Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich[1].

Um Spaweck änneren

Commons: Karlheinz Böhm – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten