Karl Ludwig von Littrow

éisträicheschen Astronom

De Karl Ludwig Edler von Littrow (an der Literatur och als Carl Ludwig Littrow beschriwwen) gebuer den 18. Juli 1811 zu Kasan a gestuerwen de 16. November 1877 zu Venedeg war en éisträicheschen Astronom.

Karl Ludwig von Littrow
Gebuer 18. Juli 1811
Kasan
Gestuerwen 16. November 1877
Venedeg
Nationalitéit Keesertum Éisträich, Éisträich-Ungarn, Éisträich
Educatioun Universitéit Wien
Aktivitéit Astronom, Professer, Universitéitsprofesser
Member vun Éisträichesch Akademie vun de Wëssenschaften, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina
Famill
Papp Joseph Johann von Littrow

Hie war de Jong vum 1836 geadelten Astronom Joseph Johann von Littrow, säi Brudder Heinrich war Kartograph. De Karl Ludwig stoung sengem Papp vum Joer 1831 un als Hëllef zur Säit a gouf 1842 Direkter vum Universitéitsobservatoire Wien.

1847 gouf de Karl Ludwig von Littrow mam Otto Wilhelm von Struve zum Beuerteelungskommissar iwwer den trigonometreschen Uschloss vu Russland an Éisträich ernannt. Als Universitéitsdekan huet hien 1850 vill fir Aféierung vun däitschen Héichschoulen an Éisträich bäigedroen. Zanter 1862 huet hie sech un den Aarbechte vun der mëtteleuropäescher Gradmiessung bedeelegt. Eng nei Method fir d'Längtebestëmmung um Mier staamt och aus senger Fieder. Mam Edmund Weiss mécht hie meteorologesch Observatiounen am Wiener Observatoire an iwwersetzt „Abriß einer Geschichte der Astronomie im Anfang des 19. Jahrhunderts“ vum George Biddell Airy.

De Littrow huet och d'Populäre Geometrie geschriwwen. Am Physikalischen Wörterbuch vum Johann Gehler publizéiert de Littrow 1844 säi Verzeichnis der geographischen Ortsbestimmungen wat hien am selwechte Joer zu Leipzig separat publizéiere konnt (Nachträge 1846). D'Annalen der Wiener Sternwarte sinn ënner senger Leedung ganz wichteg astronomesch Joerbicher ginn.

Den Neibau vum Universitéitsobservatoire Wien ass vun him fäerdeggestallt ginn. D'Aweiung dovun huet hien net méi materlieft

1879 gouf zu Wien Währing (18. Bezierk) d'Littrowgasse no him benannt.

Schrëften änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Karl Ludwig von Littrow – Biller, Videoen oder Audiodateien

  Portal Astronomie