De Karl Hugo Wieslander gebuer den 11. Juni 1889 a gestuerwen de 24. Mee 1976, war e schweedesche Liichtathleet.

Karl Hugo Wieslander
Gebuer 11. Juni 1889
Gestuerwen 24. Mee 1976
Nationalitéit Schweden
Aktivitéit Liichtathleet

Op den Olympesche Spiller vun 1912 zu Stockholm gouf hie mat 688 Punkte manner wéi de Jim Thorpe den zweeten am Zéngkampf. Ee Joer méi spéit gouf den Thorpe disqualifizéiert, well e fir Sue Baseball gespillt hat. Domat gouf de Wieslander 1913 nodréiglech zum Olympiameeschter erkläert.

Eréischt 1982 gouf de Jim Thorpe vum IOC rehabilitéiert an zesumme mam Wieslander als Olympiameeschter vun de Spiller 1912 bestëmmt.

De 15. Oktober 1911 huet den Hugo Wieslander zu Göteborg mat 5516 Punkten deen éischte Weltrekord am Fënnefkampf opgestallt.


Olympesch Meeschteren am Zéngkampf

1904: Thomas Francis Kiely | 1912: Jim Thorpe & Karl Hugo Wieslander | 1920: Helge Løvland | 1924: Harold Osborn | 1928: Paavo Yrjölä | 1932: James Bausch | 1936: Glenn Morris | 1948: Robert Mathias | 1952: Robert Mathias | 1956: Milton Campbell | 1960: Rafer Johnson | 1964: Willi Holdorf | 1968: William Toomey | 1972: Nikolai Avilov | 1976: Bruce Jenner | 1980: Daley Thompson | 1984: Daley Thompson | 1988: Christian Schenk | 1992: Robert Změlík | 1996: Dan O'Brien | 2000: Erki Nool | 2004: Roman Šebrle | 2008: Bryan Clay