De Karl Guthe Jansky, gebuer den 22. Oktober 1905 zu Norman, Oklahoma a gestuerwen de 14. Februar 1950 zu Red Bank, New Jersey war en US-amerikanesche Physiker, Astronom a Radioingenieur. Hie war den Entdecker vun der Radioastronomie, wou hien am Joer 1932 festgestallt huet, datt d'Mëllechstrooss Radiostralung emittéiert.

Karl Guthe Jansky
Gebuer 22. Oktober 1905
Gestuerwen 14. Februar 1950
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Wisconsin-Madison
Aktivitéit Astronom, Physiker, Erfinder, Astrophysiker

De Jansky huet bis 1927 op der University of Wisconsin studéiert. Vun 1928 un, huet hie bei Bell Laboratories zu Holmdel, New Jersey geschafft.

No méintlaangen Ënnersich entdeckt hie 1931, datt eng Quell vun onidentifizéierter Radiointerferenz stellaren Urspronk war. 1932 konnt hien d'Richtung am Stärebild Sagittarius bestëmmen. An dësem Stärebild louch no Usiicht vu Harlow Shapley a Jan Hendrik Oort Zentrum vun eiser Mëllechstrooss.

Éierungen änneren

Dem Jansky zu Éiere gouf fir Miessungen an der Radioastronomie d'Jansky agefouert, eng den extreem schwaache Signaler ugepasst Eenheet fir d'spektral Leeschtungsflossdicht:

 

Ausserdeem goufen de Moundkrater Jansky an den Haaptceintureasteroid (1932) Jansky no him genannt.
2012 gouf hien Nummpätter vumVery Large Array Radioteleskop zu New Mexico.

Him zu Éieren ass och d'Karl G. Jansky Lecture vum NRAO genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren