Karl Gordon Henize

US-amerikaneschen Astronaut an Astronom

De Karl Gordon Henize, gebuer de 17. Oktober 1926 zu Cincinnati, Bundesstaat Ohio, USA a gestuerwen de 5. Oktober 1993 um Mount Everest, Nepal war en US-amerikaneschen Astronaut an Astronom.

Karl Gordon Henize
Gebuer 17. Oktober 1926
Cincinnati
Gestuerwen 5. Oktober 1993
Mount Everest
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Virginia,
Universitéit vu Michigan
Aktivitéit Astronom, Astronaut
Member vun Phi Beta Kappa

Den Henize krut 1947 e Bachelor a Mathematik an 1948 e Master an Astronomie vun der University of Virginia wärend hien um McCormick Observatory gefuerscht huet. 1954 krut hie vun der University of Michigan en Éierendoktertitel an der Astronomie.

Vun 1948 bis 1951 war den Henize Astronom am Optrag vum Observatoire vun der University of Michigan am Lamont-Hussey-Observatoire zu Bloemfontein a Südafrika. 1954 koum hien an de Mount Wilson-Observatoire a Kalifornien a vun 1956 bis 1959 war hien am Smithsonian Astrophysical Observatory. Vun 1959 un huet den Henize Astronomie op der Northwestern University geléiert. Niewebäi huet hie seng astronomesch Fuerschunge bedriwwen, ënner anerem um Mount Stromlo Observatoire an Australien.

Den Henize huet mat verschiddenen opteschen Ultraviolett-Teleskope geschafft, déi wärend dem Gemini-Programm an op der Raumstatioun Skylab an den Asaz koumen. Hien huet verschidden Aarbechtsgruppe vun der NASA geleet an der IAU bei der Entwécklung vun Teleskopen, ënner anerem fir de Spacelab gehollef.

Astronautenasaz änneren

Den Henize gouf am August 1967 vun der NASA als Wëssenschaftastronaut erausgesicht. Wärend senger Ausbildung huet hien och e Fluchtraining vun 53 Wochen op der Vance Air Force Base am Oklahoma gemaach. Hie war Member vun den Ënnerstëtzungsmannschafte fir d'Missiounen Apollo 15, Skylab 2, 3 an 4.

STS-51-F änneren

Den 29. Juli 1985 start den Henize als Missiounsspezialist mat der Raumfär Challenger fir d'Spacelab-2-Missioun (STS-51-F) an de Weltraum. Et war deen éischte Fluch vum europäesche Raumlaboratoire ouni Drockmodul – d'Experimenter (an der Haaptsach an den Disziplinnen Astronomie an Astrophysik) waren op dräi Paletten am Tonnage vum Challenger installéiert. D'Crew huet am Zwee-Schichte-Betrib geschafft, fir eng méiglechst héich Ausnotzung vun den Experimenter ze kréien.

Doud änneren

De Karl Henize ass de 5. Oktober 1993 am Alter vu 66 Joer beim Versuch gestuerwen, d'Nordwand vum Mount Everest eropzeklammen. Als Doudesursaach gouf en Héichte-Longenödem matgedeelt. Hien hannerléisst seng Fra a véier Kanner.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Karl Gordon Henize – Biller, Videoen oder Audiodateien