De Karl-Heinz Köpcke, gebuer den 29. September 1922 zu Hamburg a gestuerwen de 27. September 1991 och do, war Chefspriecher bei der Tagesschau vun der ARD.

Karl-Heinz Köpcke
Gebuer 29. September 1922
Hamburg
Gestuerwen 27. September 1991
Hamburg
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Journalist

De Köpcke ass eng Legend vun der däitscher Tëleegeschicht. Seng laangjäreg Presenz um Bildschierm - hie war Tagesschau-Spriecher vum 2. Mäerz 1959 bis den 10. September 1987 an zanter dem Januar 1964 Chefspriecher - a säin ëmmer korrekt a seriöst Optrieden hunn him de Spëtznumm Mr. Tagesschau abruecht.

Déi Fäll, wou de Köpcke sech verschwat huet, ware sou seelen, datt et all Kéier zu engem Bild-Zeitung-Titel gefouert huet. (Aufpitschmittel).

Hien ass ee Joer nom Doud vu senger Fra u Kriibs gestuerwen.