Karibescht Mier

Niewemier vum Atlanteschen Ozean

D'Karibescht Mier ass en Niewemier vum Atlanteschen Ozean. Zesumme mam Golf vu Mexiko am Nordweste bilt et d'Amerikanescht Mëttelmier. Um nërdlechen an ëstleche Bord leien d'Westindesch Inselen.

D'Karibescht Mier

Karibik ass d'Bezeechnung vun der ganzer Regioun, d. h. d'Karibescht Mier mat sengen Inselen an Inselgruppen an d'Küstegebidder. Deels gëtt och de Golf vu Mexiko mat abezunn.

Am Norde grenzt d'Karibescht Mier un d'Grouss Antillen, am Osten un d'Kleng Antillen, am Süde leie Kolumbien a Venezuela an am Weste sinn et d'Länner vun Zentralamerika.

Um Spaweck änneren

Commons: Karibescht Mier – Biller, Videoen oder Audiodateien