Eng Karbidsluucht funktionéiert nom Prinzip vun enger Gasluucht bei där de Gas, an dësem Fall Azetylen, an der Luucht selwer fabrizéiert gëtt.

Karbidsluuchten, fabrizéiert zu Téiteng

Wéi se funktionéiert änneren

De Kierper vun der Karbidsluucht ass an zwee gedeelt. Am ënneschten Deel wou de Gas entsteet, ass Kalziumkarbid, an deem ieweschte Waasser. Mat enger Flilleksschrauf kann de Waasserzoufloss regléiert ginn. Doduerch drëpst méi oder manner Waasser op e Sift (wéinst der gläichméisseger Verdeelung) am ënneschten Dëppchen an et entsteet Gas, deen duerch eng Düs erauskënnt, an da verbrannt gëtt fir ze liichten. Wann de Gas net séier genuch verbrennt gëtt den Iwwerdrock duerch e klengt Sécherheetsventil regléiert. Zeréck bleift dann am ënneschte Behälter geläschte Kallek.

Geschichtleches änneren

1892 huet den Thomas Willson eng Methode fir d'wirtschaftlech Produktioun vu Calciumcarbid erfonnt, aus deem Acetylen gewonne konnt ginn.

Doduerch konnten dann och déi éischt Karbidsluuchten op de Maart kommen. Dat war als éischt 1894 fir d'Beliichtung vu Gebaier, an 1896 fir Vëloen an aner Gefierer. Déi éischt Karbidsluucht fir Grouwe gouf den 18. Oktober 1899 vum Frederic E. Baldwin zu New York als Patent ugemellt.

1902 sinn an de loutrengeschen a lëtzebuergesche Minièren déi éischt Karbidsluuchten opgedaucht an hu banne sechs Joer déi bis dohi gebraucht Uelegluuchte komplett ersat.

Och zu Lëtzebuerg goufen der fabrizéiert. 1904 war d'Firma S. Buchholtz et E. Ettinger vun Esch-Uelzecht déi éischt mat hirer Reform, déi awer kee grousse Succès gouf. Soss koumen der nach vum Mathias Schmit vu Keel, an net ze vergiesse vum relativ bekannte Pierre Schiltz (Lutepitti) vun Téiteng, dee souguer an d'ganz Welt geliwwert huet.

De Gebrauch änneren

D'Virdeeler vun der Karbidsluucht sinn hir grouss Zouverlässegkeet well se net vill feelerufälleg Komponenten huet, hire bëllege Betrib, d'Ofbrennen ouni Damp ze maachen, wéi dat bei den Uelegluuchten de Fall war, an hir laang Liichtdauer (250 g. Karbid fir aacht Stonnen).

Natierlech kann eng oppe Flam bei groussem Loftzuch och emol ausgoen, oder a Kuelegrouwen zu Gasexplosioune féieren. Dofir gouf se besonnesch a wierderfräie Grouwen agesat, an hat de Virdeel datt se och bei manner gudder Belëftung gutt geliicht huet. Se blouf laang bis an d'20. Joerhonnert eran am Asaz, bis datt méi kleng a méi liicht Batterien den effektiven Asaz vun elektreschen Helmluuchten erlaabt hunn.

Um Spaweck änneren

Commons: Karbidsluuchten – Biller, Videoen oder Audiodateien