De Kappa (griicheschen Neutrum, Majuskel Κ, Minuskel κ oder ϰ) ass den 10. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet nom milesesche Prinzip e numeresche Wäert vun 20.

De griichesche Buschtaf „Kappa“

Gebrauch vum Kappa änneren

An der Physik gëtt d'Symbol   fir verschidde physikaldsch Gréisste gebraucht. Et ass op enger Säit d'Formelzeeche fir d'elektresch Leetfäegkeet, fir d'kinematesch Viskositéit an zum aneren d'Formelzeeche vun der Kompressibilitéit. Heiansdo gëtt och d'Formelzeeche fir d'Isentropenexponent   gebraucht.

D'Mathematik gebraucht d'Symbol fir d'Bezeechnung vun der Krëmmung.

An der Psychologie gëtt d'Symbol fir Cohens Kappa als Mooss vun der Inter-Rater-Koherenz benotzt.

An der Medezin gi bei Monoklonaler Gammopathie (Plasmozytom a Virstufen) d'Paraproteinnen (inkomplett Immunglobulinnen) fir d'Differenzéierung a Miessung a Kappa- a Lambda-Proteinnen agedeelt.

Um Spaweck änneren

Commons: Kappa – Biller, Videoen oder Audiodateien