Kapell Biwesch
kathoulesch Kapell
D'Kapell zu Biwesch ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Ëlwen gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Kapell vu Biwesch (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Biwesch | |||
Par | Ëlwen–Wäiswampich Saint-François | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Agatha | |||
Koordinaten | 50° 07’ 03.2’’ N 05° 58’ 45.4’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Patréinesch vun der Kapell ass d'helleg Agatha, där hiert Fest de 5. Februar gefeiert gëtt.
D'Kapell steet op der Haaptstrooss, dem CR374.
Den 22. November 2019 gouf si als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Geschicht änneren
Bis de 7. Mee 2017 huet d'Kapell zur Par Ëlwen gehéiert, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur Par Ëlwen huet ausser der Kapell vu Biwesch och nach d'Parkierch vun Ëlwen gehéiert.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Kapell Biwesch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François
- D'Fënstere vun der Kapell vu Biwesch op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
-
D'Kapell vu Weste gesinn
-
D'Kapell vu Südweste gesinn
Referenzen änneren
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).