Kanner- a Jugendliteratur

Kannerliteratur bezeechnet Bicher déi extra fir Kanner erausgi ginn. Schoulbicher gehéieren net dozou, dofir awer Bicher, déi direkt un d'Kanner geriicht sinn, wéi och Beaarbechtunge vu Bicher fir Erwuessener. Normalerweis ass e Kannerbuch u Kanner vun engem bestëmmten Alter geriicht. Billerbicher gehéieren dacks zur Kannerliteratur.

Aus dem A Little Pretty Pocket-Book

Jugendliteratur, am engleschsproochege Raum als Young Adult Literature bezeechent, also Literatur fir jonk Erwuessener, bedeit Bicher, déi fir Jugendlecher vu +/-12 Joer u geschriwwe sinn an dacks méi eescht Theeme behandelen, déi fir jonk Leit an deem Alter duerchaus relevant sinn, mä éischter net an e Kannerbuch gehéieren.

Geschicht änneren

Am Mëttelalter si keng Bicher extra fir Kanner geschriwwe ginn. Allerdéngs sinn d'Geschichten, déi deemools un erwuesse Leit geriicht waren, méi spéit zu beléiften Theemen an der Kannerliteratur ginn. Dobäi denkt een un d'Legende vum Kinnek Artus a senge Ritter vum Ronnen Dësch, an och un déi englesch Volleksgeschichte vum Robin Hood (fr. Robin des Bois).

Ee vun deenen éischte bedeitende Wierker fir Kanner a Jugendlecher war den Orbis sensualium pictus vum Tschech Johann Amos Comenius, dee 1658 erauskomm ass. Dat Buch sollt e Bild maache vun der Welt a vum Liewen, an ass bis an d'19. Joerhonnert era Virbild fir änlech Wierker bliwwen.

Iwwerhaapt waren am 17. Joerhonnert déi allermeescht Bicher fir Kanner net fir hir Ënnerhalung mä fir hir moralesch Erzéiung geduecht. Wéinst der deemools héijer Kannerstierflichkeet louch de Sënn vun der moralistescher Kannerliteratur virun allem dodran, d'Kanner op den Doud virzebereeden an d'éiweg Flame vun der Häll z'evitéieren. Ee Beispill vun der puritanescher Kannerliteratur ass dem James Janeway säin A Token for Children (ëm 1671), dat eng Rei vu Geschichte vu beispillhafter Liewensféierung a freedvollen Doudesfäll vu klenge Kanner enthält. Dee Genre vu Kannerbicher, souwuel a Prosa wéi a Versen, ass bis an d'19. Joerhonnert lieweg bliwwen a sollt nach am Lewis Carroll sengem Alice in Wonderland (1865) erbaarmungslos parodéiert ginn.

Eréischt géint 1700 ass d'Iddi opkomm, Bicher (och) fir Kanner ze schreiwen, déi zum einfachen Zäitverdreif sollte gelies ginn. An och dann, wéi a Frankräich de Charles Perrault 1697 seng Märercherssammlung Contes du temps passé avec des moralités erausbruecht huet, huet d'Moralité wéinstens am Titel net däerfe feelen. Dodra fanne mir awer fir d'éischt déi nach ëmmer beléift Märercher wéi Le chat botté (De gestiwwelte Kueder), 'La Belle au bois dormant (Dornréischen) a Cendrillon (Äschepuddel).

An England sinn ëm déi selwecht Zäit, dem Daniel Defoe säi Robinson Crusoe (1719) an dem Jonathan Swift säi Gulliver's Travels (1726) erauskomm, Geschichten déi d'Kanner haut nach passionéieren, och wa si méi spéit hu missen ëmgeschriwwe ginn, fir se un e jonke Publikum unzepassen.

Extra fir Kanner ass 1744 och an England dem John Newbery säin A Little Pretty Pocket-Book erauskomm. Den Newbery huet säi Buch all Kéier mat engem Kaddo - e Ball fir d'Jongen oder en Nolekësse fir d'Meedercher - verkaaft, eng Iddi déi am 20. Joerhonnert vun den Editeure vu Comics erëm opgegraff gouf.

Vum 19. Joerhonnert u kann ee scho vu verschidden Zorte Kannerliteratur schwätzen.

Billerbicher - entweeder vum Auteur selwer oder vun engem aneren illustréiert - sinn et spéitstens vun 1845 u ginn, well an deem Joer ass dem Heinrich Hoffmann säi Struwwelpeter erauskomm. D'Biller déi den Hoffmann bei seng moralesch Geschichte gemoolt huet schockéieren zwar hautdesdaags, sinn awer ganz am Sënn vum Buch, dat d'Schicksal vun de Kanner beschreift, déi den Uweisunge vun den Elteren net follegen. Bal sou grausam, awer méi satiresch a mat engem Clin d'oeil erzielt, sinn d'Geschichte vu Max und Moritz déi de Wilhelm Busch 1865 publizéiert huet. Do ass schonn Humor - och wa schwaarzen Humor - am Spill.

Am selwechte Joer wéi Max und Moritz ass an England e Buch erauskomm, dat e komplett neie Genre gegrënnt huet, an zwar dee vun der imaginativer Kannerliteratur. Dat war dem Lewis Carroll säin Alice in Wonderland.

Am 21. Joerhonnert änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck änneren

Commons: Kanner- a Jugendliteratur – Biller, Videoen oder Audiodateien