De Kanal vu Visé (offiziell: Canal de Haccourt à Visé) ass e Kanal deen den Albertkanal mat Hëllef vun der Schleis vu Visé mat der Meuse, flossopwärts, verbënnt.

De Kanal an Direktioun Schleis gesinn

No ënnen ass d'Meuse duerch ee grousst Wier an e Bréckendamm, de Barrage vu Lixhe, fir d'Schëfffaart ofgeschloss.

De Kanal gehéiert zur Europäescher Gabarit-Klass 2, wat Schëffer vu 400-650 Tonnen entsprécht.

De Kanal ass 866 m laang.

De Kanal an Direktioun Meuse gesinn