Kanéil

Gewierz aus der Schuel vu Kanéilsbeem

Kanéil (fr. cannelle - "Réierchen") ass e Gewierz aus der gedréchenter Schuel vu Kanéilsbeem, absënns vum Ceylon-Kanéilsbam (Cinnamomum verum). E kënnt hautdesdaags haaptsächlech aus China, Indonesien, a (mat faméiser Qualitéit) Sri Lanka.

Kanéil als zesummegerullt Schuelen a Polver

E gëtt entweeder als Staangen, als zesummegerullt Schuelen, oder gemuel als typesche bronge Polver verkaaft.

De Kanéil schonn zanter der Antiquitéit bekannt, déi al Egypter hunn e fir d'Abalsaméierung gebraucht, e gëtt en och an der Bibel a vum Herodot ernimmt. Am Mëttelalter koum en och bis an Nordeuropa, wou en eent vun den absënns deiere Gewierzer gouf.

Hautdesdaags fënnt ee Kanéil ënner anerem am Glouswäin an an Äppelflueden (besonnesch an Däitschland an an Éisträich).

Kuckt och änneren