Eng Kamera (v. lat. camera - Kummer) ass en opteschen Apparat, mat deem ee vu senger Ëmwelt Filmer (engl. movies) maache kann. Et schwätzt ee vun enger Filmkamera respektiv enger Videokamera.

Déi ganz Gattung vun de Kamerae krut hiren Numm vun der Camera Obscura. Dës hat nach kee cheemesche Film fir d'Bildopzeechnung an amplaz vun engem Objektiv (Optik) hat se just e klengt Lach. Se huet hiert Bild op eng riicht Fläch projezéiert, z. B. an eng grouss Këscht an där ee konnt ronderëmgoen, op eng matt Scheif oder einfach op d'Plack vun engem Dësch. Sou konnt een da ganz realistesch Zeechnunge maachen.

D'Kuerzform Cam, déi vun der englescher Bezeechnung Camera ofgeleet ass, gëtt dacks och an ofgekierzte Konschtwierder gebraucht, wéi z. B. Webcam oder Digicam.

Déi wichtegst Baudeeler vun enger Kamera sinn d'Objektiv, de Verschloss, d'Steierung an de Boîtier. Am Boîtier ass bei enger Filmkamera d'Féierung fir de liichtempfindlichen Negativfilm.

Bei enger Digitalkamera gëtt amplaz vun engem Film e liichtempfindlichen Hallefleeder-Sensor agesat. Fir gewéinlech gebraucht een do sougenannt CCD- oder CMOSsensoren. Dës Sensore wandelen d'Luucht déi afält jee no senger Intensitéit an elektresch Ladung ëm. Dës gëtt no der Opnam iwwer integréiert Schaltungen ausgelies, analog-digital-gewandelt, codéiert (cf. Datekompressioun) an ofgespäichert. Bei gréissere Studiokamerae kommen awer ëmmer nach Bildtuben (Vidicon) zum Asaz.

Um Spaweck änneren

Commons: Kamera – Biller, Videoen oder Audiodateien