De Kadmons war de Jong vum phenizesche Kinnek Agenor vun Tyros a vun der Thelephassa (enger anerer Versioun no vum Ariope), Brudder vun enger Rei Gesëschter, ënner anerem dem Europa. Hie war mam Harmonia bestuet a Papp vu 4 Duechteren: dem Ino, dem Autonoe, dem Agaue an dem Semele.

Mythos änneren

Nodeem d'Europa vum Zeus entfouert ginn ass, huet de Kadmos vu sengem Papp den Uerder kritt seng Schwëster ze sichen. En huet ouni Succès eng laang Rees ënnerholl a schliisslech d'Orakel vun Delphi befrot, dat em geroden huet enger Kou nozegoen, an do wou se sech géif néierleeën, eng Stad ze grënnen. D'Déier huet e bis a Süd-Böotien gefouert, wou et sech op engem Hiwwel an der Géigend vum Floss Asopos néiergelooss huet.

Du wousst de Kadmos datt en do seng Stad géif grënnen an en huet beschloss de Gëtter d'Kou z'afferen. En huet e puer Leit geschéckt déi aus enger no geleeëner Quell d'Waasser fir d'Afferritual siche sollte goen. D'Quell war awer dem Krichsgott Ares geweit an ass vun engem schecklechen Draach bewaacht ginn deen dem Kadmos seng Leit ugegraff a gefriess huet. Wéi se net méi erëmkoumen, ass de Kadmos no hinne kucke gaangen an et ass him gelongen den Draach z'erleeën.

Op Rot vun der Pallas Athena huet de Kadmos d'Zänn ausgebrach an se an de Buedem geséit. Doraus sinn Zaldote gewuess, déi sech gläich géigesäiteg ëmbruecht hunn, bis op déi fënnef sougenannte Spartoi, déi d'Stammhelde vun den Thebaner goufen.

De Kadmos huet dem Ares wärend 8 Joer misse verschidde Skavendéngschter leeschten fir den Doud vum Draach ze béissen. Duerno huet en d'Harmonia bestuet, där den Hephaistos als Hochzäitscadeau e wäertvolle Collier, dat sougenannten Halsband vun der Harmonia, geschenkt huet, dat all senge Besëtzer Ongléck bruecht huet.

Vum Kadmos gëtt erzielt en hätt d'phönizescht Alphabet a Griicheland bruecht an eng geseenten Herrschaft iwwer Theben ausgeübt. Spéider soll e mat senger Fra an Illyrien gezunn, wou en och Kinnek ginn ass. Déi zwee si schliisslech a Schlaange verwandelt an an den Elysion versat ginn.

D'Geschicht vum Kadmos huet bei de Griichen als Grënnungsso vun Theben gegollt. Den Ursprong vum thebanesche Kinnekshaus gëtt op d'Phönizier zeréckgefouert.

  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Cadmus – Biller, Videoen oder Audiodateien