De KIC 11145123 (oder Kepler 11145123) ass e Bloe Ris mat engem Duerchmiesser vun 1,5 Millioune Kilometer. De Stär läit op enger Distanz vu 5.000 Liichtjoer vun eis ewech a gehéiert zu de Verännerleche Stären.

Objeten, déi ëm hie kreesen oder Stëbsscheiwe wiere méiglech Grënn fir déi ronn Gestalt vum Stär.

Dee ronnste stellaren Objet änneren

Bei engem Duerchmiesser vun 1,5 Millioune Kilometer ass d'Equatorofwäichung nëmmen 3 Kilometer. Domat ass hien dee ronnste jee entdeckte Stär. Dat léisst sech duerch déi lues Rotatioun, déi un der Uewerfläch 99 Deeg an am Kär 105 Deeg ass an duerch dat verhältnesméissegt schwaacht Magnéitfeld erklären. Et gouf och en Exoplanéit a Betruecht gezunn.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie