Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Sëtz-, Stäip- oder Raschtutensil. Fir d'Verb këssen, kuckt wgl. Kuss.

E Këssen, och Pillem genannt, ass eng Zort stoftene Sak, dee mat mëllem Material gefëllt ass a geduecht ass fir sech drop ze setzen oder derwidder ze stäipen, resp. de Kapp drop ze leeën. Am leschte Fall schwätzt een och vun engem Kappkëssen oder Kapppillem.

Këssen an enger Butteksfënster

E Këssen huet gewéinlech baussen eng Housse oder, wann d'Housse soll kënne gewäsch ginn, eng Bannen- an eng Baussenhousse, wouvun déi baussentst dacks dekoréiert ass, sief et duerch Brodéieren, sief et duerch faarwegen Drock oder agewiefte Musteren. Fir d'Housse vum Kappkësse gëtt och den Ausdrock Kappzich gebraucht. Bannendra si Kësse mat mëllem Material gefëllt, wéi Staf oder Plommen, syntheetesche Moussen, asw.

Um Spaweck änneren

Commons: Këssen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Këssen Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen