Käicher

Planzenaart aus der Gattung Cicer

De Käicher, och nach Kicherierbes, Kicherierz oder Pois chiche[1], (Cicer arietinum) ass eng Planzenaart aus der Gattung Käicher (Cicer) an der Ënnerfamill Faboideae an der Famill vun den Scheekefriichten (Fabaceae). Trotz hirem däitschen oder franséischen Numm (Kichererbse, resp. pois chiche) ass se net weider Famill mat der Ierbes (Pisum sativum).

Käicher
Käicher: Habitus a Friichten
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Stamm Cicereae
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Rosopsida
Uerdnung Fabales
Famill Fabaceae
Ënnerfamill Faboideae
Gattung Käicher (Cicer)
Wëssenschaftlechen Numm
Cicer arietinum
L.
Zeideg Fruucht
D'Käicher an der Scheek
Käichereproduktioun 2013

Beschreiwung änneren

De Käicher ass eng eejäreg krauteg Planz, déi bis zu 1 Meter héich gëtt. D'Bléie kënne purpurrout, mof, violett oder wäiss sinn a ginn 10 bis 12 mm grouss.

An de ronn 3 cm grousse Scheeken, déi sech draus entwéckelen, si gewéinlech 2 onreegelméisseg geformt Somen déi däischter beige bis schwaarz sinn a giess kënne ginn.

Verbreedung änneren

A Klengasien gouf de Käicher scho virun 8000 Joer ugebaut, a gouf vun do am ganze Mëttelmierraum a bis an Indien verbreet. Méi spéit ass en duerch d'Réimer och nërdlech vun den Alpen agefouert ginn.

An der Kichen änneren

De gedréchente Som vum Käicher gëtt am Waasser opgeweecht an da gekacht. Duerno komme s'entweeder a Plate wéi Couscous, Tajine oder Cocido Madrilleno. Se kënnen awer och püréiert ginn - dat gëtt dann Humus genannt - oder graff gemuel, als Falafel (frittéiert kleng Bullen) verschafft ginn. De Som kann awer och einfach geréischtert gi wéi Nëss, oder zu Miel gemuel an da gebak.

Weltproduktioun änneren

Indien ass haut den Haaptliwwerant vu Käicher, duerno kënnt Pakistan an d'Tierkei.

Déi 10 gréisst Käichereproduzenten[2]
Land Produktioun
(Tonnen/Joer)
Informatioun
  Indien 5 970 000
  Pakistan 842 000
  Tierkei 523 000
  Australien 313 000
  Iran 310 000 Geschat
  Myanmar 225 000 Geschat
  Kanada 215 000
  Ethiopien 190 000 Geschat
  Mexiko 165 000 Geschat
  Irak 85 000 Geschat
Welt ≈ 9 000 000

Referenzen änneren

  1. Käicher. LOD - Lëtzebuerger Online Dictionnaire. www.lod.lu. Gekuckt de(n) 23.11.2021.
  2. Juni 2008, Quell: Food And Agricultural Organization of United Nations: Economic And Social Department: The Statistical Division

Um Spaweck änneren

Commons: Cicer arietinum – Biller, Videoen oder Audiodateien