Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Julienne als Kiche-Begrëff. Fir aner Bedeitunge vum Wuert, kuckt wgl. Julienne.

Julienne ass an der Terminologie vun der Kichen d'Aart a Weis, Geméis a reng, dënn Sträife vun 1–3 mm Duerchmiesser ze schneiden oder ze rappen.

Zellerie julienne

De Begrëff daucht geschriwwen eng éischt Kéier 1722 am François Massialot sengem Le Cuisinier Royal op. Wou en hierkënnt, ass net kloer, et kéint vum Virnumm Julien oder Jules sinn.

Meeschtens gëtt Wuerzelgeméis sou verschafft, wéi z. B. Zellerie, Muerten oder Ribben. Et gëtt réi, gedëmpt oder gekacht mat Fleesch, Fësch oder Gefligel zerwéiert, oder an enger Zopp, déi dann och "Julienne" genannt gëtt.

Julienne an der russescher Kichen änneren

 
Russesch Julienne

An der moderner russescher Kiche gëtt Julienne oder Julien (Жюльен) och e Plat genannt, deen aus Champignone besteet, déi mat Rahm (oder Béchamel) a Kéis iwwerbak, an a klenge Kokotten zerwéiert ginn. Dacks ass Poulet drënnergemëscht, oder och alt emol Mieresfriichten.