Jugendherberg Esch-Uelzecht

Jugendherberg zu Esch-Uelzecht

D'Jugendherberg Esch-Uelzecht, offiziell Auberge de jeunesse Esch-sur-Alzette, ass d'Jugendherberg zu Esch-Uelzecht.

Vue vum Gaalgebierg, 2018.

Se steet um Boulevard Kennedy, tëscht der Passerell fir op de Gaalgebierg an der Escher Gare.

Si goung den 23. Mee 2017 op. D'Käschte vum Bau, vu ronn 11 Milliounen Euro, goufen tëscht der Stad Esch (5 Milliounen) an dem Staat (6 Milliounen) gedeelt.[1]

Ekipement änneren

Am Ganze sinn 122 Better iwwer 36 Zëmmere mat Toilett an Dusch a mat 2 bis 5 Better pro Zëmmer verdeelt. D'Gebai ass rullstullgerecht ageriicht, an et gëtt 4 Raim fir Versammlungen an ee fir Konferenzen, déi kënne gelount ginn. Ausserdeem gëtt et eng Cafeteria, e Restaurant, an e Raum fir Vëloen anzespären.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren


Jugendherbergen zu Lëtzebuerg

Beefort - Esch-Uelzecht - Fiels - Huelmes - Iechternach - Lëlz - Schengen/Rëmerschen - Stad Lëtzebuerg - Veianen - Wolz

Referenzen änneren

  1. Escher Jugendherberge eröffnet am 23. Mai." tageblatt.lu, 11. Mai 2017 16:25; Akt: 11.05.2017 16:36.