E Juegdschäin ass en offiziellt Dokument, dat et dem Titulaire erlaabt op d'Juegd ze goen.

Zu Lëtzebuerg änneren

Joresjuegdschäin änneren

Zu Lëtzebuerg gëllt de Juegdschäin am ganze Land vum 1. Abrëll bis den 31. Mäerz vum Joer drop. E gëtt vum Ëmweltministère ausgestallt. Fir de Schäin eng éischt Kéier ze kréien, muss een e Juegdexame gepackt hunn. Et muss ee fir all Joer erëm eng nei Juegd-Haftflichtversécherung maachen. Wat de Casier judiciaire ugeet, sou kann een der Verwaltung erlaben e selwer kucken ze goen, oder et muss een den Extrait bei der Demande mat aschécken.

Fir d'Juegdjoer 2024/2025 sinn 230 € ze bezuelen, wouvun 21 € Enregistrementstaxe sinn, an 209 € an de Wëldschuedfong ginn.

Dëse Schäi kann un Awunner an un Net-Awunner ausgestallt ginn. Auslännesch Juegdexame ginn och unerkannt, wann d'Komplexitéit vum Exame mat där vum Lëtzebuergeschen ze vergläichen ass a wann dat Land och de Lëtzebuerger Juegdexamen unerkennt. Vun 2022 u gëtt de franséische Juegdexamen zum Beispill an de Beneluxlänner net méi unerkannt. Dat gëllt fir Juegdexamen déi nom 31. Mäerz 2022 ofgeluecht goufen[1].

D'Demarche fir dëse Permis ze kréien, kann op Guichet.lu gemaach ginn[2].

Den Dräi-Deeg-Juegdschäin oder Invitésjuegdschäin änneren

Dëse Schäi gëllt 3 Deeg an de Juegdlousen an déi een invitéiert ass an e kann nëmmen un Net-Awunner ausgestallt ginn, déi an hirem Land ee Joresjuegdschäin hunn. Et brauch een eng Kopie vu sengem auslännesche Permis an eng Juegd-Haftflichtversécherung. E gëtt vun der Natur- a Bëschverwaltung ausgestallt.

Fir d'Juegdjoer 2024/2025 muss ee 50 € bezuelen, wouvun d'Enregistrementstax 10 € ass a 40 € an de Wëldschuedfong ginn.

D'Zuel vun de Permisen ass pro Persoun a Juegdjoer op 4 a pro Juegdlous a Juegdjoer op 10 limitéiert.

D'Demarche fir dee Permis kann och op Guichet.lu gemaach ginn[3].

Den Invité muss sech säin Europäesche Waffeschäin beim Service des armes prohibées vum Justizministère ofstempele loossen, ier hie seng Waffen importéiert.

Déngschtjuegdschäin änneren

D'Beamte vun der Natur- a Bëschverwaltung déi Policefunktiounen a punkto Juegd hunn, kréien op Propos vun hirem Direkter dee Permis. Si mussen de Waffenexamen gepackt hunn a si brauchen eng Juegd-Haftflichtversécherung. Dee Permis ass am ganze Land vum 1. Abrëll bis den 31. Mäerz vum Joer drop gülteg.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2022/04-avril/06-examen-chasse-francais.html
  2. Guichet.lu
  3. Guichet.lu