Juegd-Bewirtschaftungs-Unitéit

An enger Juegd-Bewirtschaftungs-Unitéit si bis zu zéng Louse regroupéiert. Deenen hir Bejoungspläng ginn zesummegeschloen an d'Wëldmarke sinn dann och op sämtleche Louse gülteg.

Bedingungen änneren

Déi maximal zéng Louse mussen unenee léien an hir total Fläch däerf 5.000 Hektar net depasséieren. D'Unitéit muss virum 1. Dezember, ier eng néi Juegdperiod ugeet, der Natur- a Bëschverwaltung gemellt ginn an all d'Piechter mussen op der Matdeelung ënnerschriwwen hunn.