Judit Polgár
D'Judit Polgár [ˈjudit ˈpolgaːr], gebuer den 23. Juli 1976 zu Budapest, ass eng ungaresch Schachspillerin.
Den Titel vum Groussmeeschter krut si am Alter vu 15 Joer a 4 Méint, an huet sou de Rekord vum Bobby Fischer ëm ee Mount verbessert.
Hir aktuell Elo-Zuel läit bei 2686 (November 2010) an hir maximal erreechte bei 2735[1]; domat ass si déi stäerkst ungaresch Schachspillerin an ass op der 1. Plaz vun der Fraeweltranglëscht (November 2010)[2] an op der 49. Plaz vun der Männerweltranglëscht (November 2010)[3].
Literatur änneren
- Tibor Károlyi: Judit Polgar, the princess of chess. Batsford, London 2004. ISBN 0-7134-8890-5
Um Spaweck änneren
Commons: Judit Polgar – Biller, Videoen oder Audiodateien |