Juddegaass ass oder war den Numm vun enger Strooss oder Gaass, an där fréier vill Judde gewunnt hunn. Datt Judden no beienee gelieft hunn an zum Deel och nach ëmmer an enker Noperschaft liewen, huet domat ze dinn, datt de Sabbatwee op 2000 Ellen, also ronn 1000 Schrëtt bis bei d'Synagog, festgeluecht ass.

Zu Eschduerf

Zu Lëtzebuerg gëtt et haut nach dräi Juddegaassen: zu Eschduerf (L-9151), Kielen (L-8281) a Stadbriedemes (L-5451).

Stad Lëtzebuerg änneren

Fréier goung d'Arsenalstrooss, haut avenue Émile Reuter, bis op d'Kräizung mat der Aldringer-Strooss. Do stoung an der drëtter Rankmauer d'Juddepaart. Si gouf am 14. Joerhonnert gebaut a war am 15. Joerhonnert déi wichtegst Stadpaart, well do d'Taxen opgehuewe goufen, fir an d'Stad eranzekommen. Dat Stéck vun der haiteger Groussgaass vun der Kräizung mat der Aldringen-Strooss bis op d'Kräizung mat der Neipuertsgaass / Philippsgaass gouf deemools d'Juddegaass genannt. Den Numm géif entweeder op en ale Juddekierfecht zeréckgoen[1] oder well rondrëm d'Juddepaart vill Judde gewunnt hunn[2]. D'Artilleriekasären an der Aldringen-Strooss, déi 1672 gebaut an 1913 ofgerappt goufen, houschen deemno och d'"Juddekasären"[3].

Um Spaweck änneren

Commons: Jewries – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Vun deem Juddekierfecht schéngt et awer kaum Beleeger ze ginn. Am 14. Joerhonnert hu jiddesch Familljen am Péitrussdall gewunnt, wou wuel och hire Kierfecht war.
  2. Henri Beck, La Grand Rue, ons stad, Nr. 86, 2007, S. 6-7
  3. Henri Beck, Batty Fischer, un photographe pas comme les autres, ons stad, Nr. 45, 1994, S. 13-16