De Juan Manuel Santos Calderón, gebuer den 10. August 1951 zu Bogotá, ass e kolumbianesche Geschäftsmann, Politiker a fréiere Verdeedegungsminister vu sengem Land. 2010 gouf hien zum President vu Kolumbien gewielt an 2014 a sengem Amt confirméiert.

Juan Manuel Santos
Gebuer 10. August 1951
Bogotá
Nationalitéit Kolumbien
Educatioun Universitéit vum Kansas,
London School of Economics,
John F. Kennedy School of Government,
Fletcher School of Law and Diplomacy
Aktivitéit Politiker, Journalist, Ekonomist, Affekot

Scho säi Groussmonni, den Eduardo Santos, war vun 1938 bis 1942 President vu Kolumbien. Säi Papp, den Enrique Santos, war iwwer 50 Joer Zeitungsediteur, a säi Koseng, de Francisco Santos war Vizepresident vu sengem Virgänger, dem Álvaro Uribe.

2016 krut hien de Friddensnobelpräis als Unerkennung fir seng Beméiungen, de joerzéngtelaange Biergerkrich a sengem Land op en Enn ze bréngen.

Um Spaweck änneren

Commons: Juan Manuel Santos – Biller, Videoen oder Audiodateien