Juan Carlos Varela

panameseschen Ingenieur a Politiker

De Juan Carlos Varela Rodríguez, gebuer den 12. Dezember 1963 zu Panama (Stad), ass e panameseschen Ingenieur a Politiker. Hie war vum 1. Juli 2014 bis den 1. Juli 2019 President vun der Republik Panama.

Juan Carlos Varela
Gebuer 12. Dezember 1963
Panama
Nationalitéit Panama
Aktivitéit Entreprener, Politiker, Minister

Virdru war hien, vun 2009 bis 2014, Vizepresident vum Land. Hie war gläichzäiteg, vu Juli 2009 bis August 2011, Ausseminister. Zanter 2006 ass hie President vun der Partido Panameñista, der zweetstäerkster Partei am Land. De 4. Mee 2014 huet hien d'Presidentewale gewonnen.

De Varela ass bestuet an huet 3 Kanner.

Um Spaweck änneren

Commons: Juan Carlos Varela – Biller, Videoen oder Audiodateien