Josy Stoffel

lëtzebuergeschen Turner

De Josy Stoffel, gebuer de 27. Juni 1928 zu Déifferdeng a gestuerwen den 9. Mäerz 2021 zu Esch-Uelzecht[1],[2] war e lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.[3]

Josy Stoffel
Gebuer 27. Juni 1928
Déifferdeng
Gestuerwen 9. Mäerz 2021
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Turner

Sportscarrière änneren

Wärend 16 Joer, vun 1949 bis 1964 war en ouni Ënnerbriechung Landesmeeschter am Turnen an huet u véier Weltmeeschterschaften, sechs Europameeschterschaften a fënnef Olympiaden (London 1948, Helsinki 1952, Melbourne 1956, Roum 1960 an Tokyo 1964) deelgeholl.[4]

Seng bescht international Resultater waren:

  • 5. am Méikampf op der Weltmeeschterschaft 1950 zu Basel
  • 3. am Päerdsprong op der Europameeschterschaft 1955 zu Frankfurt

1957 an 1960 gouf hien zum Sportler vum Joer gewielt.

Seng Fra, d'Yvonne Stoffel-Wagner, war och Turnerin an zanter 1945, wéi hien, Member vum Déifferdenger Turnveräin.

Trainercarrière änneren

No senger aktiver Karriär war hien Nationaltrainer zu Lëtzebuerg (1965 - 1972). Virdru war e schonn Nationaltrainer an der Belsch (1955 - 1965). Hie war Trainer vun der Espérance Déifferdeng vun 1960 - 1976. Zu senge Schüler huet den Ady Stefanetti gehéiert.

Auszeechnungen änneren

Literatur änneren

  • Pierre Gricius: Selfmademan des Kunstturnens - Der fünffache Olympiateilnehmer Josy Stoffel wird heute 90 Jahre alt, am Luxemburger Wort vum 27. Juni 2018 S. 53

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Virdrun   Sportler/Sportlerin vum Joer   Duerno
Charly Gaul 1957 Charly Gaul
Jean Link 1960 Sylvie Hülsemann

Referenzen änneren

  1. Artikel op Tageblatt.lu
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 11. Mäerz 2021
  3. De Josy Stoffel op der Websäit vu sports-reference.com
  4. De Josy Stoffel op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  5. 30-06-2008:Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur