De Joseph Sax, gebuer de 25. Abrëll 1869 am Pafendall an och do gestuerwen den 2. Februar 1947[1], war e lëtzebuergeschen Ingenieur[2].

Joseph Sax
Gebuer 25. Abrëll 1869
Lëtzebuerg
Gestuerwen 2. Februar 1947
Pafendall
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur
Famill
Geschwëster Jean-Baptiste Sax

Hien huet op der Technescher Héichschoul zu Oochen studéiert an ass dono, 1902, bei d'Stad Lëtzebuerg schaffe gaangen. Do gouf hie geschwënn duerno Direkter vum Gas- a Waasserwierk. Hien huet sech dofir engagéiert, e Kanalisatiounsnetz fir d'Stad auszebauen. 1936 goung en a Pensioun.[3]

De Joseph Sax war de Brudder vum Jean-Baptiste (Batty) Sax.

Wierk änneren

  • Joseph Sax: "Genèse de l'urbanisme de la ville de Luxembourg" in:Revue technique luxembourgeoise, November/Dezember 1937.

Éierungen änneren

Referenzen änneren

  1. Doudesannonce vum Joseph Sax am Luxemburger Wort vum 4. Februar 1947
  2. "D'Industrië vun der Famill Sax-Bodson," op industrie.lu
  3. 3,0 3,1 "Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?" in: ons stad Nr 64, juillet 2000, S. 29.
  4. Memorial N°4 vun 1923. Gekuckt de(n) 27 8 2020.