De Joseph Rischard, gebuer den 30. Dezember 1845 zu Wolz a gestuerwen de 24. Juli 1934 an der Stad Lëtzebuerg,[1] war e lëtzebuergesche Magistrat a Banquier.[2]

Joseph Rischard
Gebuer 30. Dezember 1845
Wolz
Gestuerwen 24. Juli 1934
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Joseph Rischard war vum 2. Mee 1892 bis den 3. Mäerz 1915 Member vum Staatsrot zu Lëtzebuerg.[3]

De 4. Oktober 1912 gouf de Joseph Rischard de President vun der Direktioun vun der Banque internationale à Luxembourg.[4]

Den 18. Oktober 1912 ass dem Joseph Rischard seng Demande fir d'Demissioun als Vizepresident vun der Cours supérieur de Justice accordéiert ginn.[5]

Gielercher änneren

Referenzen änneren

  1. (fr)Généalogie de Joseph RISCHARD (1). Geneanet. Gekuckt de(n) 2023-08-16.
  2. (fr)Doudesannonce vum Jos Rischard. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (26. Juli 1934). Gekuckt de(n) 2023-08-15.
  3. (fr)Membres depuis 1857. conseil-etat.public.lu (2023-05-24). Gekuckt de(n) 2023-08-15.
  4. Banque internationale. L'Indépendance luxembourgeoise (5. Oktober 1912). Gekuckt de(n) 2023-08-15.
  5. Memorial n°80. viewer.eluxemburgensia.lu (22. Oktober 1912). Gekuckt de(n) 2023-08-15.
  6. (fr)Memorial N° 50. viewer.eluxemburgensia.lu (23. Juli 1904). Gekuckt de(n) 2023-08-15.