Den Joseph Kony, gebuer ëm 1961 zu Odek am Uganda, ass e Krichsverbriecher a Chef vun der Lord's Resistance Army (LRA), enger Rebellegrupp, déi d'Zivilbevëlkerung am Norde vun Uganda a mëttlerweil och an der Zentralafrikanescher Republik an an der Demokratescher Republik Kongo souwéi am Südsudan terroriséiert an der Regierung vum Uganda ënner dem Yoweri Museveni de Krich erkläert huet, mam Zil, en theokrateschen Herrschaftssystem am Uganda anzeféieren, dat op den Zéng Geboter baséiere soll.[1]

Joseph Kony
Gebuertsnumm Joseph Rao Kony
Gebuer 1961
Nationalitéit Uganda
Aktivitéit Terrorist, Politiker, Militär

Déi vum Kony ugefouert Lord's Resistance Army huet geschat 66.000 Kanner entfouert an zu Zaldote gemaach an ass fir d'intern Verdreiwung vun 2 Millioune Mënsche verantwortlech.[2]

D'Organisatioun Invisible Children Inc. huet 2011/12 d'Campagne Kony 2012 fir d'Verhaftung vum Joseph Kony gestart.


Referenzen änneren

  1. Matthew Green: The Wizard of the Nile. The Hunt for Africa's Most Wanted. Portobello Books 2008. S. 57
  2. Text of H.R. 2478 (111th): Lord's Resistance Army Disarmament and Northern Uganda Recovery Act of 2009 (Introduced version). GovTrack.us. Gekuckt de(n) 2022-11-24.