Joseph Jean Baptiste Neuberg

belsche Mathematiker

De Joseph Jean Baptiste Neuberg, gebuer den 30. Oktober 1840 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 22. Mäerz 1926 zu Léck, war e belsche Mathematiker vu Lëtzebuerger Ofstamung.[1]

Joseph Jean Baptiste Neuberg
Gebuer 30. Oktober 1840
Lëtzebuerg
Gestuerwen 22. Mäerz 1926
Léck
Nationalitéit Belsch, Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Mathematiker, Universitéitsprofesser
Member vun Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique

De Joseph Neuberg ass en Ancien vum Atheneum wou en 1859 seng Première gemaach huet. Am Oktober 1859 huet en zu Bréissel seng Exame gemaach, fir als belsche Student ze gëllen, an duerno huet e säin Opnamexame vun der École normale de Sciences zu Gent gemaach, wou en 1862 säin Ofschloss krut.

Vun 1884 bis 1910 war hie Professer op der Universitéit vu Léck. Seng Fachberäicher waren Analys, Algeber, Geometrie an d'Grondlage vun der Mathematik.

1866 huet en déi belsch Nationalitéit ugeholl.[1]

1891 gouf hie membre correspondant an 1897 richtege Member vun der d'Académie Royale des Sciences, des Lettres et des Beaux Arts, där hire President hie vun 1911 u war.[2]

Zwar huet den Neuberg keng nei Theorie entwéckelt, mä d'Mathematik verdankt him vill nei Detailer iwwer d'Geometrie vum Dräieck, déi hien iwwer Joren an Artikelen a Journale publizéiert huet. Zesumme mam Eugène Charles Catalan a mam Paul Mansion huet hie selwer zwéi Journale gegrënnt an erausginn: Nouvelle correspondance mathématique (1874 - 1880) a Mathesis (vun 1881 un).

Gielercher änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Neuberg took Belgium nationality in 1866, Artikel a Mac Tutor vum J. J. O'Connor an E. F. Robertson
  2. was elected a corresponding member of the Royal Belgium Academy of Sciences in 1891 and a full member in 1897. In fact he achieved the honour of being elected as director of the Sciences Section of the Academy in 1911, Artikel a Mac Tutor vum J. J. O'Connor an E. F. Robertson
  3. Commander of the Crown, from 12 May 1902; Artikel a Mac Tutor vum J. J. O'Connor an E. F. Robertson
  4. Commander of the Order of the Oak Crown presented by the king of the Netherlands and the Grand Duke of Luxembourg, from 9 November 1920, Artikel a Mac Tutor vum J. J. O'Connor an E. F. Robertson
  5. Commander of the Order of Leopold which is the highest order of Belgium named in honour of King Leopold I, from 9 April 1921, Artikel a Mac Tutor vum J. J. O'Connor an E. F. Robertson
  6. commemorative medal of Leopold II on 16 February 1906, Artikel a Mac Tutor vum J. J. O'Connor an E. F. Robertson