Joseph Herr

lëtzebuergesche Politiker

De Joseph Herr, gebuer de 14. Juli 1910 zu Klierf, gestuerwen de 6. Dezember 1989, war e lëtzebuergeschen Affekot, Politiker an Historiker.

Joseph Herr
Pseudonym Jos Herr
Gebuer 14. Juli 1910
Klierf
Gestuerwen 6. Dezember 1989
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot, Historiker

No sengem Droitsstudium huet de Jos Herr sech zu Dikrech als Affekot etabléiert. Vun 1952 u war hie gemengepolitesch aktiv; hie war zweemol Schäffen a Buergermeeschter vun 1957 bis 1963. Hie war awer och um nationalen an internationale Plang politesch aktiv: Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber vun 1954 bis 1968 a vun 1971 bis 1974, Europadeputéierte vun 1959 bis 1968.

Als Lokalhistoriker huet de Jos Herr sech mat der Geschicht vun Dikrech beschäftegt an als Archeolog eng bedeitend Sammlung vu prehistoreschen Artefakten aus der Dikrecher Géigend zesummegedroen,[1] déi haut an dem Nationalmusée fir Geschicht a Konscht konservéiert gëtt.[2] Hie war Grënnungsmember vun der Société préhistorique luxembourgeoise.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Herr, J., 1960. Diekirch. Bevölkerung und Verwaltung. Imprimerie du Nord, Diekirch, 805 S.
  • Herr, J., 1973. L'âge de la pierre sur les plateaux de la Sûre moyenne. Hémecht, 25 (3), S. 345-374.
  • Herr, J., 1980. Le paléolithique ancien au Grand-Duché. Bulletin de la Société préhistorique luxembourgeoise, 2, S. 13-15.
  • Herr, J., 1983. Essai de typologie du paléolithique ancien des outils des plateaux et terrasses de la Sûre moyenne. Luxembourg: Impr. Saint-Paul, 30-(1) S. p. (Mémoire / Société préhistorique luxembourgeoise; Nr. 1, 1983).
  • Herr, J., 1985. Diekirch. Impr. Saint-Paul, Luxemburg, 500 S.

Literatur änneren

  • Andonovic, V., 2010. Heute vor 100 Jahren wurde Joseph Herr geboren. "Nosce te ipsum et juste judica": nicht nur Jurist und Politiker, auch leidenschaftlicher Lokalhistoriker und Archäologe. Luxemburger Wort 2010, Nr. 161 (14. Juli), S. 12-13.
  • Hubsch, R., 1990. In memoriam Jos. Herr. Lëtzebuerger Journal 1990, Nr. 4 (6/7. Januar), S. 8.
  • Steichen, R., 1990. À notre ami Joseph Herr. Luxemburger Wort 1990, Nr. 49 (28. Februar), S. 9.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. F. Spier: "Profond goût pour l'histoire". Luxemburger Wort 2010, Nr. 161 (14. Juli), S. 13.
  2. F. Le Brun: "L'avenir de notre passé". Luxemburger Wort 2010, Nr. 161 (14. Juli), S. 13.