Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Joseph Faulbecker, gebuer de 6. Dezember 1826 an der Stad Lëtzebuerg,[1] wou hien och spéider nach gewunnt huet, war Reviseur vun der Lëtzebuerger Chambre des comptes.[2]

Joseph Faulbecker
Gebuer 6. Dezember 1826
Aktivitéit Botaniker
Ënnerschrëft vum Jos Faulbecker a senger Fra Anna Dold

De Botaniker a Coleopterolog änneren

Vun 1870 u war de Jos Faulbecker "membre agrégé" vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal.[2] An dem Bulletin vun 1883 ass de Faulbecker nach op der Memberslëscht vun der Sektioun;[3] am nächste Bulletin (1886) feelt säin Numm.

Hie war "membre effectif" vun der Société de botanique. 1870 hat hien am Comité de botanique d'Charge vum Conservateur.[4] 1874 ass hien nach op der Memberslëscht,[5] 1875 ass hien awer et méi dobäi.[6]

De Faulbecker huet sech nieft der Botanik och mat Kiewerleke befaasst; seng Coleopteresammlung gouf 1894 vum J.P.J. Koltz an engem historesche Réckbléck iwwer d'Geschicht vun der Zoologie zu Lëtzebuerg ernimmt.[7]

De Beamte vun der Chambre des comptes änneren

Wéi de Faulbecker den 13. Juli 1854 zu Lëtzebuerg (Stad) mat der Anna Antonia Dold bestuet ginn ass, war hie Beamten an der Chambre des comptes.[1],[8]

Den 30. Mee 1865 gouf de J. Faulbecker, dee bis elo "commis de 1re classe" war, Kontroller an der Chambre des comptes;[9] den 2. August 1866 ass hien zum Reviseur avancéiert.[10]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 État civil vun der Stad Lëtzebuerg, actes de mariage.
  2. 2,0 2,1 Publications de l'Institut royal grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles et mathématiques, Tome 11, années 1869 et 1870, Luxembourg 1870, S. 145.
  3. Publications de l'Institut royal grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles et mathématiques, t. 19, 1883, S. VIII.
  4. J.-P.-J. Koltz: La Société de Botanique du Grand-Duché, son histoire et sa constitution. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du Grand-Duché de Luxembourg, 1 (1874): 7-11. [1], S. 9.
  5. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du Grand-Duché de Luxembourg, 1 (1874), S. 5. [2]
  6. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du Grand-Duché de Luxembourg, 2-3 (1875-1876), S. 5. [3]
  7. J.-P.-J. Koltz: Jahresbericht des Präsidenten für das Vereinsjahr 1893. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 4(1894), S. 5.
  8. Courrier du Grand-Duché de Luxembourg 1854, Nr. 56 (15. Juli), S. 4 (État civil de la ville de Luxembourg). [4]
  9. Memorial 1865 ( II), S. 195
  10. Memorial 1866, II, S. 334