Joseph Faber (Ingenieur)

lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Ingenieur Joseph Faber. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Joseph Faber.

De Joseph-Charles Faber, gebuer de 15. Oktober 1862 an der Stad Lëtzebuerg, och do gestuerwen den 10. Oktober 1933[1], war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.

Joseph Faber
Gebuer 15. Oktober 1862
Lëtzebuerg
Gestuerwen 10. Oktober 1933
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Ingenieur
Partei Rietspartei

Vun 1906 bis 1907 war hie Schäffen[2] a vun 1907 bis 1916 Buergermeeschter vun der Stad Réimech.

Hie war vun 1908 bis 1917 Deputéierten an der Chamber[3].

Vum 19. Juni 1917 bis den 28. September 1918 war hie Generaldirekter (Minister) fir Landwirtschaft, Handel an Aarbecht an der Regierung Kauffman[4].

Hie war duerno vum 28. September 1918 bis zu sengem Doud Member vum Staatsrot.

Am Alter vun 71 Joer ass hien a sengem Haus an der rue des Dahlias gestuerwen a gouf den 12. Oktober 1933 zu Réimech begruewen.

De Joseph Faber war mat der Charlotte de Maringh bestuet.

Gielercher[1] änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Doudesannonce am Luxemburger Wort Nr 283 vum 10. Oktober 1933
  2. Nominatioun publizéiert am Mémorial N° 3 vum 13. Januar 1906, S. 41
  3. Als, Nicolas, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, ISBN 2-87954-021-6, S. 514
  4. Nominatioun publizéiert am Mémorial N° 51 vum 19. Juni 1917, S. 645