Joseph Arthur Comte de Gobineau

Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Joseph Arthur Comte de Gobineau, gebuer de 14. Juli 1816 zu Ville d'Avray, a gestuerwen den 13. Oktober 1882 war e franséischen Diplomat a Schrëftsteller.

Joseph Arthur Comte de Gobineau
Gebuertsnumm Joseph Arthur de Gobineau
Pseudonym Ariel des Feux, Ariel Des Feux
Gebuer 14. Juli 1816
Ville-d'Avray
Gestuerwen 13. Oktober 1882
Turin
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schrëftsteller, Diplomat, Politiker, Dichter, Sculpteur, Anthropolog, Journalist, Philosoph

Well de Gobineau aus dem Klengadel gestaamt huet, huet hien déi Zäit an där e Sproochen an Orientalistik studéiert huet, säi Liewe misse verdéngen andeems hien Trivialliteratur geschriwwen huet. Et war den Alexis de Tocqueville, deen de Gobineau an eng Diplomatecarrière erageschleist huet, déi hien an Däitschland,op Bern, a Persien, op Athen a Brasilien an op Stockholm bruecht huet.

Nohalteg bekannt gouf de Gobineau duerch säi véierbännegt Wierk Essai sur l'Inégalité des Races Humaines, dat tëscht 1853 an 1855 zu Paräis publizéiert gouf. An deem Text stellt e sech als de Virdenker vun deem, wat haut allgemeng ënner Rassismus verstane gëtt.

De Gobineau huet d'Thes vertrueden, datt d'Eegenaarte vun de verschiddene Kulture géifen ofhänke vum Denke vun de Rassen déi do herrschen. Et war a gewëssem Sënn eng Reaktioun op de Coup d'Etat vum Napoleon III.. Géint d'Virstellung vun enger "Vermassung" vun de Mënschen hat de Gobineau d'Virherrschaft vum Adel virun Aen. Fir dat ideologesch ze stäipen, huet hien de Begrëff "Rass" gebraucht.

Fir de Gobineau gouf et dräi Zorte Rassen. Den "negroiden" Typ (schwaarz), de "kaukaseschen" Typ (wäiss) an de "mongoloiden" Typ (giel).

Um Spaweck änneren

Commons: Arthur de Gobineau – Biller, Videoen oder Audiodateien