Jos Scheer

lëtzebuergesche Schoulmeeschter

De Jos (Joss) Scheer, gebuer den 22. Mäerz 1939 zu Wolz an do gestuerwen den 12. November[1] 2015, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter.[2]

Jos Scheer
Gebuer 22. Mäerz 1939
Wolz
Gestuerwen 12. November 2015
Nationalitéit Lëtzebuerg

No senger Primärschoul zu Wolz huet de Jos Scheer vun 1952 bis 1955 zu Iechternach am Kolléisch, wou hien Intern an der Bullett war[3], studéiert, an dono, vun 1955 bis 1959, an der Normalschoul. Seng Karriär als Schoulmeeschter huet hien 1960 (Abrëll bis Juli) als Remplaçant zu Eschweiler ugefaangen. Dono koum hien als Schoulmeeschter op Wolz. 1971 krut hien eng Nominatioun am Enseignement spécial an 1975 am Enseignement complémentaire. Vun 1991/92 u figuréiert hien op der Lëscht vum Personnel d'enseignement complémentaire, chargés de cours vum Wolzer Lycée.[4] Vum 15. September 1994 un huet hien do am Régime préparatoire, deen duerch d'Gesetz vum 3. Juni 1994 geschafe gouf[5], enseignéiert.[6] 1999 ass hien an d'Pensioun gaangen.[2]

De Jos Scheer war 1965 Grënnungsmember, a vun 1972 bis 1998 President vum “Fotoclub Wooltz” [7]. Hie war vun 1977 bis 2009 Member vum Kommitee, a vun 2010 bis 2015 membre effectif vum Wolzer Festival. Donieft war de Jos Scheer nach aktiv an der Chorale vu Wolz, am Wolzer Nikloswierk, an der Entente vun de Veräiner, den Œuvres paroissiales, dem Musée sur la Bataille des Ardennes, dem Syndicat d'initiative, bei de Frënn vum Weeltzer Gënzefest an am Kommitee vum National Liberation Memorial, dee sech fir d'Opriichte vum Liberation Memorial um Schumannseck agesat huet.[2][6]

De Jos Scheer ass den Auteur oder Coauteur vun enger Rei vu Publikatiounen, déi virun allem mat der Geschicht vu Wolz an der Wolzer Regioun ze dinn hunn. Hie war och Korrespondent vum Luxemburger Wort, deem hien Artikelen a Fotoe geliwwert huet.[2],[8]

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Eis fofzeger Joren: eng nei Zäit: Wunnen, Iessen, Moud [zesummegestallt vun: Mariette Leuck, Simone Rosen-Berger, Joss Scheer, Marie-Louise Wallers-Rykal, John Weber]. - Itzig: RBS, 2016, Lëtzebuerg, Impr. Centrale. - 112 S. (Aus dem Liewen erzielt).
  • Wéi mir Kanner waren: an de 40er Joren [zesummegestallt vun: Mariette Leuck, Simone Rosen-Bonenberger, Joss Scheer, Marie-Louise Wallers-Rykal, John Weber, Jacqueline Orlewski-Eyschen, Nicole Duhr]. - Itzig: RBS, 2012, Lëtzebuerg, Impr. Centrale. - 312 S. (Aus dem Liewen erzielt).
  • Dekanatskierch Nidderwooltz: 1510 - 2010 [Red.: Nic Malget, Jean Roemer, Joss Scheer]. - Nidderwooltz: Por, 2010. - 222 S.
  • “Et war een deemools net méisseg”: Al Beruffer a Broutverdéngschter [zesummegestallt vun: Marthe Haan-Duval, André Hausmann, Mariette Leuck, Simone Rosen, Joss Scheer, John Weber, Jacqueline Orlewski-Eyschen, Nicole Duhr]. - Itzig: RBS, 2009-2010, Lëtzebuerg, Impr. Centrale. - 2 Bänn. (299, 229 S.) (Aus dem Liewen erzielt).
  • Les cours d'eau et leurs moulins dans le canton de Wiltz / Joss Scheer. - In: Nos Cahiers: Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur. - Luxembourg. - Joer 30(2009), N° 1/2, S. 187-203.
  • Zanter 50 Jor liicht de Phare vom nationale Streikdenkmal an den Éisliker Himmel / Joss Scheer. - In: De Cliärrwer Kanton. - Clervaux. - Jor [28](2006), Nr. 3, S. 31-34.
  • Déi Gefiller sinn net ze beschreiwen!: Erënnerungen un d'Liberatioun 1944/45 [zesummegestallt vun: Emil Angel, Marthe Haan-Duval, André Hausmann, Jacqueline Orlewski-Eyschen, Joss Scheer, John Weber]. - Itzig: RBS, 2005, Lëtzebuerg, Impr. Centrale. - 399 S. (Aus dem Liewen erzielt).
  • Geenzefest Wooltz 98: corso du genêt [réd.: Gommaire Feyen, Jos Scheer]. - Wiltz: Weeltzer Geenzefrënn, 1998, Luxemburg, print-service. - 184 S.
  • Neue Eisenbarth-Orgel Dekanatskirche St. Peter & Paul, Wiltz: Einweihung am 26. Januar 1997 durch den Erzbischof von Luxembourg, Mgr. Fernand Franck [réd.: Jos Scheer, Claude Windeshausen ; photos et reprod.: Jos Scheer]. - Woltz: Comité "Nei Uergel Dekanatskiirch", [1997], Troisvierges. - 52 S.
  • De Weeltzer Kanner hirren amerikanische Kleessen / Joss Scheer. - In: The bulge: publication du Cercle d'études sur la bataille des Ardennes. - Mersch. - 1996, Nr. 4, S. 21-31.
  • Le Festival de Wiltz, un festival européen dès sa création: D'Lëtzebuerger Artisten om Weeltzer Festival. - In: Livre d'or: 1794-1994 / Harmonie grand-ducale municipale Wiltz. - Wiltz, 1994. - S. 251-323.
  • Das Kriegsgelübde der Wiltzer. - In: Luxemburger Wort. - Jg. 138(1985), Nr. 16 (19. Januar), S. 10.
  • Wiltz in alten Ansichten = Wiltz en cartes postales anciennes [Guy May a Jos Scheer]. - Zaltbommel: Bibliothèque européenne, 1984. - 1 Band (net paginéiert).

Literatur änneren

  • Malget, Nic., 2015. 50 Joer Fotoclub Wooltz. In: Zeitung fir Wooltz an d'Regioun, Nr. 5 / November 2015, S. 39-40.[2]
  • Lex Roth: Äddi, léif Komeroden, Kolleegen a Frënn! Luxemburger Wort 2016-11-11, S. 55 (betrëfft: André Schmit, Roger Muller, Jos Scheer).
  • Zenner, Roby, 2016a. À la mémoire de Jos. Scheer de Wiltz. Luxemburger Wort 2016-01-23, S. 108.
  • Zenner, Roby, 2016b. Noruff fir den Jos Scheer. À la mémoire de Jos. Scheer de Wiltz. École et Vie 1/2016, S. 54-55.

Referenzen änneren

  1. Beim Malget (2015) steet: 11. November.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Zenner 2016a.
  3. Joss Scheer: Et war schéin der Mamm hir Stëmm ze héieren Archivéiert op 2016-12-30. Gekuckt de(n) 2016-11-13.
  4. Luxemburger Marienkalender 1992, S. 309 (Lycée technique du Nord).
  5. Loi du 3 juin 1994 portant création du régime préparatoire de l'enseignement secondaire technique. Mémorial A 1994, N° 56, S. 1068-1070. [1].
  6. 6,0 6,1 Zenner 2016b.
  7. Malget 2015.
  8. Roth 2016.