José van Dam

belsche Bass-Baritonsänger

De José van Dam (Joseph Van Damme) ass e belsche Bass-Baritonsänger. Hien ass de 25. August 1940 als Kand vun engem Zammermann zu Ixelles gebuer.

José van Dam
Gebuer 25. August 1940
Ixelles
Nationalitéit Belsch
Educatioun Conservatoire royal vu Bréissel
Aktivitéit Operesänger, Museker, Schauspiller

Musek huet hien am Conservatoire royal de Bruxelles studéiert. Hie war mat enger Lëtzebuergerin bestuet.

Seng Karriär fänkt richteg am Joer 1961 un, wéi an der Paräisser Oper eng Roll an der Oper Les Troyens vum Hector Berlioz krut.

1968 séngt hien um Festival vu Salzburg. Duerno ass hie Gaascht an de groussen Operenhaiser, wéi an der Scala vu Mailand, der Metropolitan Opera zu New York. Hie séngt zu London, Wien a Paräis. Dertëscht ass en awer och a senger Gebuertsstad Bréissel am Théâtre de la Monnaie ze héieren.

Zu sengem Repertoire gehéieren d'Opere Boris Godounov, Falstaff, Figaros Hochzeit, Salome, Gianni Schichi, Il turco in Italia, Les Contes d'Hoffmann a La Bohème

Am August 1998 gouf hie vum belsche Kinnek Albert II fir seng Verdéngschter am Gesank zum Baron ernannt.

Filmer änneren

Um Spaweck änneren

 
De José van Dam zesumme mat der Barbara Hendricks, 2006, zu Bréissel