De José Sócrates Carvalho Pinto de Sousa, [ʒuˈzɛ ˈsɔkɾɐtɨʃ kɐrˈvaʎu ˈpĩntu də ˈsɔzɐ], gebuer de 6. September 1957 zu Vilar de Maçada (Alijó, Distrikt Vila Real), ass e portugisesche Politiker.

De José Sócrates am August 2006

Hie gouf den 12. Mäerz 2005 Ministerpresident vu Portugal, an ass den 23. Mäerz 2011 zeréckgetrueden.

De Sócrates ass vun Haus aus medezineschen Ingenieur. En huet seng politesch Karriär no der Oeilletsrevolutioun (1974) bei de Jonge Sozialdemokraten ugefaangen. 1981 gouf e Member vun der Sozialistescher Partei (PS), fir déi en 1987 an d'Parlament gewielt gouf.

1991 gouf en nationale Sekretär vum PS an 1995 Staatssekretär fir Ëmwelt an der Regierung vum Premier Guterres. 1997 gouf e Minister fir Sport a Jugend an 1999 Minister fir Ëmwelt.

Wéi 2002 dem José Manuel Barroso seng PSD d'Wale gewonnen huet, gouf de Sócrates Chef vun der sozialistescher Oppositiounsfraktioun am Parlament. 2004 gouf hie Generalsekretär vun der PS.

D'Parlamentswale vum Februar 2005 goufe vun de Sozialiste gewonnen, a sou gouf de Socrates den 12. Mäerz vum President George Sampaio zum Premierminster ernannt. Am September 2009 gouf hien am Amt confirméiert, och wa seng Partei eng Minoritéit am Parlament hat. Dës huet e Vertrauensvote, am Zesummenhang mam Staatsbudget, an deem Spuermoossname virgesi waren, net iwwerstanen, an d'Regierung Socrates ass zeréckgetrueden.

Am November 2014 koum hien an Untersuchungshaft, wéinst Verdacht op Korruptioun a Geldwäsch, an déi och säi Chauffeur, e Geschâftsmann an e Jurist verwéckelt wieren.[1]

Um Spaweck änneren

Commons: José Sócrates – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Portugal's ex-PM Jose Socrates." op bbc.co.uk, 25 November 2014.